Nieft zwee Bränn an der Nuecht op e Méindeg, gouf et och nach zwee Accidenter, respektiv e weidere Brand um Sonndeg am Nomëtteg, respektiv owes.

Kuerz no 17 Auer gouf zu Réimech op der Route du Vin eng Persoun vun engem Auto ugestouss.

Géint 21.15 Auer sinn zu Monnerech an der Rue de Limpach en Auto an e Vëlo net laanschtenee komm.

Zu Rëmeleng huet géint 21.30 Auer an der Rue des Martyrs e Stëbssuckler Feier gefaangen. Grad ewéi bei den zwee Accidenter, gouf och bei dësem Tëschefall eng Persoun verwonnt.

Géint 23.18 Auer huet zu Suessem an der Rue Gadderscheier e Silo gebrannt. Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng, Péiteng, Käerjeng an Esch waren am Asaz, fir d'Feier ze läschen.

Um Méindeg géint 3.15 Auer da gouf et e Brand um Kierchbierg um Boulevard Konrad Adenauer. Hei war d'Feier an enger Buanderie ausgebrach. Nieft zwou Ambulanzen aus der Stad, waren och d'Pompjeeën aus der Stad, vu Sandweiler, Hesper a Jonglënster op den Asaz geruff ginn.

Um Méindeg

Géint 10.20 Auer hat een Automobilist zu Waasserbëlleg op der Lëtzebuerger Strooss d'Kontroll iwwer däi Gefier verluer. D'Pompjeeë vu Mäertert an d'Ambulanz vun Tréier waren am Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um 11.12 Auer gouf dann op der RN22 tëscht Biwer/Atert a Biissen eng Persoun ugestouss. D'Pompjeeë vu Béiwen an Tënten, sou wéi d'Ambulanz vun der Nordstad waren op der Plaz, fir der blesséierter Persoun ze hëllefen.