E Samschdeg den Owend hat eng Policepatrull eng verdächteg Interaktioun tëscht zwou Persoune beobacht. Si ware vun engem méiglechen Drogendeal ausgaangen.

Et sollt sech bei der Kontroll erausstellen, dass een deem anere just eng Fläsch mat Parfum ginn hat. D'Persoune goufen iwwerpréift, an do gouf bei engem vun de Männer eng Kugel Kokain fonnt, grad ewéi Boergeld. Bei der weiderer Enquête koum eraus, dass et en europäeschen Haftbefeel géint de Mann gouf. De Parquet gouf informéiert an d'Persoun gouf verhaft an hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.