E Samschdeg huet d'Police souwuel zu Esch, wéi och zu Welfreng musse Persounen opsichen, déi sech a Wunnengen opgehalen hunn, wou se net duerfte sinn.

Zu Esch gouf e Samschdeg am Nomëtteg eng Persoun gemellt, déi sech op enger Adress géif ophalen, wou et en Openthaltsverbuet géint d'Persoun gëtt. Déi gesichte Persoun konnt ermëttelt ginn a gouf vun der Police verhaft. Si hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Een änleche Fall gouf et dann och e Samschdeg, déi Kéier zu Welfreng. E Mann war trotz enger Wegweisung an d'Wunneng vu senger Ex-Partnerin gaangen, wou et dunn zu Sträit an Handgräiflechkeete komm ass. D'Affer ass geflücht a wéi se zeréck an hir Wunneng komm ass, huet se festgestallt, dass hiren Ex-Partner hiren Handy a Kreditkaarte geklaut huet. De presuméierte Brigang konnt vun der Police gepëtzt a verhaft ginn. Och hien hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.