D'Stéphanie Machado huet sech am Mäerz 2021 mam Covid19 ugestach an huet haut nach mat de Konsequenze vum Long-Covid ze kämpfen.

D'Stéphanie Machado steet am Park um Kierchbierg a wénkt vu Wäitem. Si muss eis un der grousser RTL-Kamera erkannt hunn. Laang blond Hoer, e schwaarzen Top, eng faarweg gemustert Jupe bis un d'Enkelen... Mat engem grousse Laache kënnt si op eis zou. Eng 43 Joer jonk Fra, déi Energie a Liewensfreed ausstraalt. Selbstverständlech ass dat net, wann ee weess, wat d'Stéphanie déi lescht Joren duerchgemaach huet. 
 
Si, déi jonk elengerzéiend Mamm, déi alles am Grëff hat. Aarbecht, Schoul, de Stot, d'Aktivitéite vum Bouf, hire Sport. "Ech war wéi eng Maschinn, war ëmmer super organiséiert, hat eng gutt Memoire, hunn nonstop Beweegung gebraucht."

Bis d’Stéphanie sech am Mäerz 2021 mam Covid19 ustécht. An deen duerch Long-Covid bis haut seng Spueren hannerléisst.  
 
Houscht hat d'Stéphanie wärend der Covid-Infektioun keen. Dofir awer Péng an de Gelenker a Muskelen, am Broschtkuerf a fuerchtbare Kappwéi."Ech hu souguer geduecht, ech hätt eng Méningite. D'Péng war wierklech schrecklech."

Zwee Méint laang war d'Stéphanie Machado am Krankeschäin. Schaffe goen, war net méiglech. "Ech konnt mech net méi beweegen. Esou bal ech opgestane sinn, an och duerno, war ech immens midd, ausser Otem. An ech konnt awer net schlofen.”

Dobäi koum op emol och nach eng Neuralgie vum Drillingsnerv, dee vum Ouer an déi verschidden Deeler vum Gesiicht geet. D'Stéphanie beschreift d'Gefill vun engem Blëtz an den Zänn, deen an d'Gesiicht, an de Kapp bis an den Aarm zitt. Medikamenter hätten net wierklech gehollef.    
 
No zwee Méint ass d'Stéphanie nach ëmmer net gutt, geet awer nees verschidden Deeg schaffen. Séier steet fest: si packt dat guer net. No zwou Stonne wier si komplett um Enn gewiescht a bal ëmgefall, erënnert si sech. D'Stéphanie Machado leit och ënner dem sougenannte "brainfog", fillt sech beniwwelt, huet Schwieregkeete sech ze konzentréieren, ze schreiwen a verhält op emol schlecht. Duerch d'Neuralgie vum Drillingsnerv spiert si déi riets Säit vum Gesiicht net méi, kritt d'Wierder net méi richteg eraus. Éischt Panikattacken iwwerkommen déi jonk Mamm.

Schwieregen Alldag mam "brainfog"
.

Vu Long-Covid hat d'Stéphanie Machado zu dem Zäitpunkt nach näischt héieren. D'Laangzäitfolge sinn Ufank 2021 nach net därmoosse bekannt. Am Summer 2021 awer geet d'Long-Covid-Filial am CHL op. D'Generalistin schéckt d'Stéphanie dohinner. Do gëtt d'Patientin op Munneref an d'Thermalbad iwwerwisen, dat an eng Kuer speziell fir Long-Covid-Patienten. No deenen dräi Woche spiert si awer keng Besserung. D'Péng an de Gelenker a Muskele sëtzt fest, och hannert d'Middegkeet kënnt déi jonk Fra net.

"Wéi en alen Handy, deen s du e puer mol den Dag muss lueden"
 
D'Stéphanie Machado ka just nach hallef Zäit schaffen. Ass rosen a frustréiert. Versteet net, firwat si net méi funktionéiert. Mat Leit zesumme sinn, mat der Famill, mam Bouf, alles ass schwéier. Erausgoen, trëppelen... e Kraaftakt, bal net ze meeschteren. "Ech hat kee Liewe méi." Si ka sech d'Symptomer net erklären, obwuel si se dach all Dag erlieft an observéiert.    
 
"Ech hunn dann ëmmer gesot, et ass wéi en alen Handy, deen s de muss e puermol den Dag lueden. Deen huet dann nëmmen esou vill Batterie fir esou vill Stonnen. An esou hunn ech mech gefillt.” 

"Ech hu mech gefillt wéi eng Bomi vun 80 Joer"
.

Zwee Joer laang lieft d'Stéphanie an dësem Zoustand. Hallef Zäit schaffen ass hir nach ze vill. Si kritt aner Tâchen. D'Leit ronderëm hätten dat net verstanen. D'Situatioun sech verschlëmmert. Eng Zort Däiwelskrees. "D'Depressioun ass da komm, well ech einfach net méi konnt funktionéieren. Dee ganze Stress an dee ganzen Drock, dat war einfach ze vill."
 
"Do hunn ech gesinn, du bass net eleng"
 
An där Zäit gëtt d'Stéphanie Machado weider vun de verschiddene Long-Covid-Servicer begleet. Eng éischt Erliichterung bréngt d'Long-Covid-Gespréichstherapie, wou si an aner Betraffener iwwer hiren Zoustand an hir Erfarunge matenee schwätzen. "Well iergend eng Kéier mengt een 'ech hunn dat nëmmen, also da stëmmt eppes net'. Et ass traureg ze soen, mee wann een awer Leit gesäit, deenen et och net gutt geet, fillt ee sech besser, well ee gesäit, datt een net eleng ass."
 
De Grupp léiert Techniken, fir mat Stress ëmzegoen an d'Stéphanie mécht och eng Therapie, fir hir Panik-Attacken ze geréieren. Si gëtt vun der Psychologin suivéiert. De Long-Covid, déi uerg Péng, eleng ze si mam Kand an d'Gefill, et net méi ze packen, een Trauma, deen déi jonk Mamm muss verschaffen. 
 
Mee si fält nach méi déif an e Burn-out. D'Stéphanie Machado ass mental a kierperlech ausgebrannt. Kann net méi schaffe goen. "Do war ech ganz am Krankeschäin. (...) Ech sinn net méi opgestanen, ech hat keng Kraaft méi fir näischt. Ech hu meng ganz Freed verluer fir alles." Ausser hirem Bouf gesäit d'Stéphanie kee méi. Och net d'Famill an d'Frënn. 
 
Eng bewosst Decisioun. Si wëll toxeschen tëschemënschleche Relatiounen aus dem Wee goen. Hiert Ëmfeld hätt si net verstanen. "Si hunn einfach gemengt, 'jo, hatt dramatiséiert elo' oder 'et ass gutt, elo héiere mer dat scho sechs Méint...' Iergendwann hunn ech missten eleng sinn, well ech wollt mech net méi rechtfäerdegen a si ware mir all vill ze vill ustrengend. Ech hu mech missen isoléiere fir mäi bien-être. An dat war déi richteg Decisioun!"
 
"D'Acceptanz war ee Schlëssel"
 
D'Stéphanie mierkt, datt si hir kierperlech a mental Problemer net beienee léise kann. Dofir fillt si sech net staark genuch. Decidéiert sech, lo mol op dat mentaalt ze fokusséieren a freet Hëllef vun engem Psychiater. Si wëll sech mat de wesentleche Froe befaassen. "Well et war einfach esou: déi Persoun, déi ech virdru war, déi war net méi do. An da freet ee sech 'mee wie bass du elo? Wat hues du gär?'" 

"De Long-Covid acceptéieren"
.

Dat Wichtegst am Prozess, fir nees zou sech ze fannen, wier, datt si net méi probéiert hätt, de Long-Covid ze verstoen, mee en als Deel vu sech ze acceptéieren. D'Acceptanz war fir d'Stéphanie Machado ee Schlëssel, fir nees an een normaalt Liewen zréckzefannen. "Einfach ze soen: esou ech acceptéieren dat elo. Et ass wéi et ass. Ech kucke lo just no mir an no mengem Jong. An de Rescht ka waarden!"
 
D'Stéphanie Machado huet och ugefaangen, sech mat der traditioneller chineesescher Medezin ze beschäftegen. A mam indesche Pendant Ayurveda. Akupunktur hätt hir vill gehollef. Wann d'Neuralgie vum Drillingsnerv kënnt, weess si sech haut mat hiren Outilen a Rezepter ze hëllefen. Och déi deeglech Meditatioun wier wichteg fir hir Balance. De Fokus op d'Harmonie ze setzen, déi si ustrieft amplaz op d'Péng, déi si am Kierper spiert.  
 
An de schlëmmste Phase konnt d'Stéphanie Machado knapp 5 Minutten um Stéck trëppelen. D'Dokteren encouragéiere si ëmmer nees, sech ze beweegen, betounen, wéi wichteg Beweegung a Sport fir de Kierper sinn. Ma u Sport ass zu deem Zäitpunkt mol net ze denken. Zu Munneref léiert d'Stéphanie Machado eng Fra kennen, déi Chi Gong enseignéiert. "Dat ass eng ganz lues Beweegung vum Kierper, déi am Ufank souguer ze hefteg fir mech war. A si huet gesot ‘et ass egal, du méchs dat elo an a 6 Méint kanns du erëm normal trëppelen an deng Äerm an deng Knéie beweegen."

"Ech mengen, ech sinn haut esouguer méi frou wéi virdrun"
 
D'Stéphanie gëtt haut eens mat hire Symptomer. Duerch d'Beweegung – Chi Gong a Yoga - an d'Meditatioun ka si sech berouegen. Huet hir kleng Rezepter fir schwiereg Momenter. Hiert Iessen ëmgestallt. Ësst vill Geméis an Uebst. All déi verschidden Elementer wiere wichteg fir hire Kierper. Op dee si geléiert hätt, vill méi ze lauschteren. "Well, wann ech ufänken, midd ze sinn a wann ech net op e lauschteren an e puer Deeg keng Mëttesrascht maachen, da gëtt d'Péng méi staark. An da kommen all déi aner Symptomer. Konzentratioun Schwindel, d'Gelenker. Dat heescht, et hänkt wierklech dovunner of, wéi séier s du reagéiers!"

Ëmmer nees erlieft d'Stéphanie Krise vun enger Rei Deeg. "Dat ass eben esou. Da muss ee waarden an iergendwann geet et nees besser. An einfach net opginn."

D'Stéphanie Machado huet hiert Liewen ëmgestallt
.

De Long-Covid acceptéieren, acceptéieren datt et net méi gëtt wéi virdrun a léieren, domadder ëmgoen a liewen. Dat wier de Schlëssel, seet d'Stéphanie Machado, dee si wëll un aner Betraffener weiderreechen. An hiert aalt Liewen huet déi jonk Mamm zwar net méi zréckfonnt, och d’Aarbecht huet si gewiesselt a schafft weiderhi just hallef Zäit, huet deemno och méi Zäit fir hire Bouf.

"Ech mengen, ech sinn haut souguer méi frou wéi virdrun", seet d'Stéphanie a laacht. Wierklech!? "Jo! Well ech mech einfach vill méi a Rou fillen. Ech hu virdru keng Blumme gekuckt a keen Himmel an ech gesi lo vill méi. Ech si vill méi do. A mengem Liewen. Ech fannen dat schéin."