Dat seet de Premier Luc Frieden op Nofro, nodeems d’ADR dës Woch kritiséiert hat, dësen Accord wier och fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft schlecht.

Lëtzebuerg géif wéineg direkt an d’USA exportéieren an e groussen Deel vun eiser Ekonomie wier net betraff. De Luc Frieden huet och op déi vun der ADR kritiséiert Budgetspläng vun der EU-Kommissioun reagéiert, déi eng Zort Tubakssteier géing plangen. Lëtzebuerg wier kee groussen Adepte vun neie Steiere fir Europa. Vill aner Länner wieren och retizent. Ma an deenen Diskussiounen, déi dem Luc Frieden no op d'mannst bis Enn vum nächste Joer ginn, wäert ee sech dogéint wieren, datt Lëtzebuerg méi e groussen finanzielle Schued duerch eventuell nei Steieren hätt wéi aner Länner.