Den Ament gëtt en neien nationalen Offallplang ausgeschafft, an och ee reviséiert Offallgesetz ass zanter Ugangs des Joers um Instanzewee.

Offallgesetz Chambre de commerce

Schonn 2019 hat sech déi deemoleg Regierung eng Null-Offall-Strategie ginn, fir beispillsweis d'Benotzung vu "Single-use"-Verpakungen ze reduzéieren, oder och d'Offalltrennung an de Recyclage ze fërderen. Mam neien nationalen Offallplang soll dës Strategie weider ëmgesat ginn. Méi streng Offall-Regulatioune betreffen och d'Entreprisen hei am Land, besonnesch am Horeca Secteur wier d'Transitioun net esou einfach ëmzesetzen, seet d'Chambre de Commerce.

D'Gesetzer zu Offall a Recyclage sollen zu Lëtzebuerg net méi streng sinn, wéi et an den EU-Regulatioune scho virgesinn ass, seet d'Lucie Martin, Ekonomistin an der Chambre de Commerce:

"Der Chambre de Commerce hir Positioun ass, dass wann eng Transpositioun gemaach gëtt um nationale Level, soll Lëtzebuerg kee "Goldplating" maachen, mee soll sech wierklech un d'Gesetz an och d'Direktiven halen, ebe fir de "Level playing field" ze hunn um europäesche Niveau."

D'Kompetitivitéit vun den Entreprisen hei am Land kéint nämlech soss am Verglach mam Ausland net assuréiert ginn. D'Entreprise misst een dofir an hiren Nohaltegkeets-Efforten ënnerstëtzen:

"D'Entreprisë si prett, fir do Efforten ze maachen, dat ass guer keen Thema, wat wichteg fir si ass, ass, dass se awer un abordabel Léisunge kommen, an och Léisungen déi einfach si fir en place ze setzen, ouni elo héich Käschten als Konsequenz ze hunn."

Sou eng Léisung wier zum Beispill am Horeca Secteur, datt déi méi nohalteg Verpakunge vum Iesse fir matzehuelen, déi an Zukunft sollen obligatoresch proposéiert ginn, op enger zentraliséierter Platz géife stockéiert a gebotzt ginn, fir esou besonnesch de méi klengen Entreprisen entgéint ze kommen. Fir d'Chambre de Commerce wier et am allgemengen dofir wichteg, ...:

"...dass d'Mesures legislatives een Equiliber garantéieren tëscht engersäits Ëmwelt-Objektiver, déi natierlech ambitiéis solle sinn, an ekonomescher Viabilitéit vun eisen Entreprisen. An natierlech muss een ëmmer den Equilibrum fannen mat der Realitéit vum Terrain."

D'Ambitioun sollt déi sinn, datt et sech ekonomesch méi rentéiert, fir als Entreprise verstäerkt op de Wee vun der Nohaltegkeet ze goen. Een eventuelle Vidange-System wier der Chambre de Commerce no dann hei am Land schwiereg ëmzesetzen. Et sollt een dofir éischter drop setzen, fir eidel Fläschen anzesammelen a recycléieren ze kënnen.