E Mëttwoch de Moie gouf et op eise Stroossen zwee Accidenter an am Laf vum Dag nach dräi weider Tëschefäll

Um CR226 tëscht Izeg a Conter gouf et ee Blesséierten, nodeems géint 6.23 Auer en Auto ee Wëllschwäin erwëscht hat. D'Ambulanz vum Findel an d'Pompjeeë vun Hesper waren hei am Asaz.

Um 6.57 Auer krute sech dann zwee Autoen zu Péiteng ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Rettungsekippe vu Péiteng a Käerjeng sinn op d'Plaz vum Accident gefuer.

Géint 16.30 Auer mellt de CGDIS dann nach dräi Tëschefall. Zu Schëndels hate sech zwee Ween ze pake kritt, dobäi gouf eng Persoun verwonnt. Zu der selwechter Zäit huet et zu Réimech op engem Schëff gebrannt. Hei gouf awer kee blesséiert. Op der Lëpschter-Dellt krute sech dann och zwee Ween ze paken. Bei deem Accident gouf et zwee Blesséierter.