Informatiounsaustausch, tëscht Police, Douane an EU-Servicer Sujet um Krautmaart
© RTL Archiv
Den Austausch vun den Informatiounen tëscht der Police, der Douane an de verschiddene Reseignementsservicer vun den EU-Memberlänner soll verbessert ginn.
Virun allem soll och e gréissen Accent op den Dateschutz geluecht ginn. Dat fuerderen zwou EU-Direktiven, déi elo an nationaalt Recht sollen ëmgesat ginn. Den entspriechende Gesetzesprojet gouf e Mëttwoch de Moien an der Chamber diskutéiert.
D'Rapportrice Stéphanie Weydert vun der CSV huet ënnerstrach, dass d'Enquêten op EU-Niveau wäerte vereinfacht kënne ginn, an dass sech déi Lëtzebuerger Autoritéite besser mat hiren europäeschen Homologe wäerte kënnen austauschen. D'Deputéiert waren sech en Gros eens, dass de Gesetzesprojet wichteg wier, well d'Kriminalitéit net un de Lännergrenze stoe bleift, wéi d'Lydie Polfer vun der DP et ausgedréckt huet. De Marc Goergen vun de Piraten huet ënnerstrach, dass seng Partei an den zoustännege Kommissiounen en Aen wäerten drop halen, fir och an Zukunft sécher ze stellen, dass den Dateschutz weiderhi respektéiert gëtt.
Déi Lénk ënnerstëtzen den Text allerdéngs net, well eng Partie Froen nach op stéingen. Zum Beispill wier de Begrëff "Terrorismus" ze vague, esou den David Wagner. Dat kéint dozou féieren, dass och Mënscherechtsaktivisten kënne viséiert ginn, wa si a verschidde Länner als Terroristen agestuuft géinge ginn.
Vum zoustännege Minister Léon Gloden huet et da geheescht, dass Donnéeën immens wichteg fir d'Aarbecht vun den Enquêteure sinn. Hien huet déi breet Zoustëmmung an der Chamber an deem Kader begréisst.