Plaintë vun CNS géint onéierlech Assuréen a steierlech Avantagë fir Benevolat
Wärend d'CNS onéierlech Assuréen an d'Viséier hëlt a Plainte mécht, wäerte Leit, déi mam Benevolat Sue verdéngen, steierlech Avantage kréien.
CNS mécht Plainte géint onéierlech Assuréen
D'Krankekeess op d'Aan drécken ass kee Kavaléiersdelikt a kann eng deier ginn. Dat lescht Joer huet d'CNS net manner wéi 33 Denonciatioune beim Parquet géint onéierlech Assuréë wéinst Bedruch an Dokumentefälschung gemaach. An 9 Fäll waren Dokteren am Viséier vun der Denonciatiounen. Dobäi kommen nach méi wéi eng hallef Dosen Denonciatioune beim Parquet géint Patronen, déi iwwert d'CNS wollten Suen ënnerschloen.
350 Geldstrofen huet d'CNS da selwer géint onéierlech Assuréen decidéiert, déi 2024 probéiert haten, mat hiren Ofrechnungen eng Trickserie ze starten.
Wann dës Affären um Geriicht landen, kann d'Sanktioun konsequent ginn. Zum Beispill gouf rezent en Assuré wéinst Fälsche vun Doktesch-Ordonnancen zu 12 Méint* Prisong verurteelt, e Prestataire krut och wéinst gefälschten Ordonnancen déi selwecht Strof mat Sursis an e weideren Assuré krut eng Prisongsstrof vun 9 Méint mam Sursis wéinst nogemaachte Spidolsrechnungen.
Dës Informatioune gëtt d'Gesondheetsministesch Martine Deprez dem LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo, deen eng parlamentaresch Fro zum Sujet gestallt hat.
Steierlech Avantagë fir Benevolat
De Finanzminister Gilles Roth huet dem DP-Deputéierten Andér Bauler dann eng gutt Nouvelle fir de Benevolat a punkto Steiere virgestallt. Bis 2029 ginn deelweis déi steierlech Exoneratioun vun zum Beispill Traineren a Sportsveräiner, Dirigente bei der Musek oder och Organisten no uewen ugepasst.
Aktuell läit dee Montant bei 5000 Euro d'Joer.
D'Suen, déi Benevoller kréien, ginn als Benefice aus enger liberaler Aktivitéit ugesinn, déi nom Akommessteiergesetz besteiert gëtt. D'Limitt vun der Exoneratioun läit aktuell bei 5000 Euro a gouf zanter Joren net méi ugepasst, dat soll déi nächst Joren also änneren.
*An enger éischter Versioun war riets vun 12 Joer Prisong