"Pay by phone"
Stad Lëtzebuerg warnt viru gefälschte QR-Coden op Parkaueren

© Ville de Luxembourg
Gefälscht Stickere mat QR-Coden op Parkauere maachen den Ament an der Stad Lëtzebuerg den Tour.
Iwwert dee Code soll ee seng Parking-Fraise kënne bezuelen. D'Stad Lëtzebuerg warnt op hirem Facebooksite awer, datt et sech bei dëse Stickeren ëm keng offiziell handelt. Den eenzege Wee fir esou Fraisen iwwert den Handy ze bezuelen, wier iwwer déi offiziell "Indigo Neo"-App. Et géing een den Ament dru schaffen, d'Stickeren ewechzehuelen, esou d'Stad weider.
Et ass net déi éischte Kéier, datt esou Autocollanten op Parkautomaten an der Stad den Tour maachen. Schonn am Dezember zejoert war dat de Fall. Eisen Artikel dozou vun deemools fannt Dir hei.
Am meeschte gelies