Auto géint Bam an eng Kollisioun
CGDIS mellt zwee Blesséierter um Donneschdegowend

En Donneschdeg den Owend waren d'Rettungsdéngschter op zwee verschidden Accidenter geruff ginn, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
Zu engem éischten Accident war et op der RN18 tëscht Lenzweiler a Clierf komm. Hei war kuerz no 22.30 Auer en Auto an e Bam gerannt. De Blesséierte gouf vun de Rettungsdéngschter vu Wëntger an Ëlwen versuergt.
Géint 23 Auer sinn iwwerdeem zu Péiteng an der Lëtzebuerger Strooss zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Um Asaz waren d'Ambulanciere vum Zenter SaDiff an d'Pompjeeë vu Péiteng.
Am meeschte gelies