Affer vu Grupp mat Messer menacéiert a beklaut, Drogendealer op der Gare gepëtzt

Aus dem Policebulletin sinn et zwee Virfäll vun en Dënschdegmoien, respektiv Owend.
Mat engem Messer huet e Grupp Männer zwee Affer menacéiert a si beklaut, esou d'Police. De Virfall war en Dënschdeg den Owend spéit an der Stad. E jonke Mann krut säi Portmonni an deen anere säi Rucksak vun de Brigangen ofgeholl. Et gouf no den Täter gesicht, ma dat ouni Succès, eng Enquête gouf lancéiert.
An op der Stater Gare gouf en Dënschdeg de Moie schonn en Drogendealer gepëtzt. De Mann hat sech verroden, well e virun de Beamte fortgelaf war. Bei der Kontroll huet hien eppes ofgeschléckt. Am Scanner konnt erausfonnt ginn, dass dat Droge waren. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl. Hie koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter. An do war hien net eleng. Well wärend deem Asaz hat een anere Mann d'Aarbecht vun de Poliziste gestéiert a si och permanent beleidegt. Op Uerder vum Parquet gouf och hie festgeholl.