Am Laf vun e Mëttwoch gouf et fir d'Rettungsekippe vum CGDIS zwee Asätz.

Géint 10.44 waren d'Rettungsekippe vu Lëntgen an Useldeng um CR116 tëschent Useldeng a Bëschdref am Asaz, well hei en Auto op der Kopp louch. Eng Persoun gouf als Blesséiert gemellt.

Am fréien Nomëtten, méi prezis um 14.22, war et en Accident op der N12 tëschent Wilwerdang a Richtung Wemperhaart. En Auto ass hei géint e Bam gerannt an et goufen zwou Persoune blesséiert. Am Asaz waren d'Ekippe vu Klierf, der Nordstad, Ettelbréck, Ëlwen, wéi och de Rettungshelikopter.