Den 10. September 1944 huet déi "5. Armored Division" ënnert dem Kommando vum Generol Lunsford E. Oliver d'Lëtzebuerger Haaptstad befreit.

Wéi d'US-Arméi sech a Richtung Stad a Beweegung gesat huet, ass se nach vereenzelt op Widderstand gestouss. Wéi vill Doudesaffer et wärend der Liberatioun genee gouf, ass net gewosst. Historiker gi vun 20 bis 30 aus. Zu Zéisseng gouf et um Dag vun der Befreiung op d'mannst véier Doudeger, dorënner zwee Kanner, déi en Tunnel wollte fräiraumen, deen allerdéngs verminnt war.

E méi ausféierlechen Artikel vun zejoert iwwer d'Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg an der Commemoratioun vun dëser am Kader vum 80. Joresdag, fannt Dir hei.

Fotoe vum Commemoratiounsdag an der Stad vum 10. September 2024