Mat Bléck no Westen an Oste riskéiert Europa, ëmmer méi hannendrun ze lafen.

Wéi kann d‘europäesch Ekonomie an engem schwieregen, onséchere globale Kontext zu aler Stäerkt zeréckfannen? Ënner anerem déi Fro stoung am Zentrum vum Industrie-Dag vun der FEDIL, op deem nawell eng Rëtsch Doleancen a Richtung Bréissel formuléiert goufen.
 
D‘Ambiance am Chouchou zu Hollerech wierkt an der Rei an d‘Patrone schénge beim Maufel a Patt monter. Mä d‘Wolleken um europäesche Wirtschaftshimmel ware scho Mol manner däischter.

Handelskrich, militäresche Krich, héich Energiepräisser, derbäi kommen Defien ewéi de Klimawandel oder nach Kënschtlech Intelligenz.

Am Panel, also der Diskussiounsronn vun der Industrielle-Federatioun, war ënner anerem de Frank Thomé dobäi, Direktiounsmember beim Haartmetall-Acteur Ceratizit. E grousse Problem wier aktuell d‘Onsécherheet:

"Du weess net, wou s de solls investéieren, well wann s de lo sees: 'Okay, developpéiere mer Indien.' Wat am Fong e bëssen eis Strategie war d'lescht Joer, nodeem China verschidde Problemer huet. Elo huet den Trump 50 % Tariffer op Indien annoncéiert, da funktionéiert vun engem Dag op deen aneren deng Strategie net méi. An dofir grouss Defie sinn natierlech och déi Tariffs Richtung Amerika, do wou mer en amerikanesche Konkurrent hunn, deen ass da vill méi bëlleg, meeschtens, Gott sei Dank, hu mer chineesesch Konkurrenten, déi hunn nach méi héich Tariffs, dann ass et erëm en Avantage, et gëtt keng golde Reegel, et muss een immens flexibel sinn, dat ass déi bescht Solutioun, et muss ee kreativ bleiwen, et muss ee sech adaptéieren, souwäit wéi et méiglech ass"

Et gëllt sech also unzepassen an nei Opportunitéite ze notzen, zum Beispill bei der Kënschtlecher Intelligenz, op neie Mäert oder am Beräich Defense,

Dat waren d‘Kärmessage vun engem vun de Keynote-Speaker, dem Philippe Schaus, fréiere Generaldirekter vun der Firma Moët Hennessy, déi op Wäin a Spirituose spezialiséiert ass an Deel vum Grupp LVMH ass. Ee vun de Schlëssele ass an den Ae vum Lëtzebuerger Manager och de Féierungsstil bannent enger Entreprise:

"Datt ee soll esou vill wéi méiglech - an dat hunn ech a menger Aarbecht geléiert - vun der Hierarchie ewechkommen. Hierarchie ass net, wat d'Kreativitéit fërdert. Wat d'Kreativitéit fërdert, ass Empowerment. Dat ass, wann Der Ären Ekippen d'Capacitéite gitt, Saachen ze maachen. Ech hunn och iwwert d'Diversitéit geschwat. D'Diversitéit ass net just eng Saach vu Quota oder vu Gerechtegkeet, et ass eng Saach vun enger diverser Ekipp, déi bréngt méi Iddien zustane wéi eng net-divers Ekipp"

Den Haaptconstat um Business-Evenement war wuel deen, datt déi europäesch Iwwer-Reglementéierung ze vill Energie, Zäit a Geld kascht. D‘Urgence wier awer erkannt an et géing an déi richteg Richtung goen, seet den Yves Germeaux vun der Fedil, Responsabel fir Handel an International Relatiounen.

"Dass mer méi pragmatesch ginn, dass mer manner ëmmer den 100% Perfektioun wëllen an Europa, mee vläicht nëmmen 80 oder 90 % wëlle bei verschidden Traitéen, bei verschiddene Mesuren, awer se méi schnell kënnen ëmsetzen, well d'Welt schléift net. A wa mir ze laang waarden, dann herno hëlleft et eis net, dass mer déi grouss Perfektioun hunn, mee mir musse kucken, dass mer pragmatesch, awer gutt Standarden developpéieren"

Vu ville Säite gouf iwwerdeems d‘Doleance geäussert, datt d‘Europäesch Unioun méi politesche Pouvoir brauch, an datt d‘Länner méi mussen zesummeschaffen.