E Freideg war eng Preparatiouns-Reunioun fir déi nächst Quadripartite

Zejoert gouf bei der CNS en Defizit vu 25 Milliounen Euro notéiert. Dëse Minus dierft méi grouss ginn an d'Reserven zäitno dohi schmëlzen.
Dat waren d'Conclusiounen déi no der Fréijoersquadrapartite konnte gezu ginn. Reegelméisseg maachen déi zoustänneg Acteuren an Aarbechtsgruppen de Point.
E Freideg war eng Preparatiounsreunioun en Vue vun der nächster Quadripartite, déi an engem Mount ass. Do goung et ënner anerem ëm finanziell Mesuren, fir d'Gesondheetskeess finanziell besser opzestellen, an ëm d'Problematik vum Absenteismus.
Fir d'Depensen ze bremsen, haten d‘UEL an d‘Gewerkschafte schonn am Fréijoer e Pabeier geschriwwen, an deem drop opmierksam gemaach gëtt, datt vun der Krankekeess Saache finanzéiert ginn, déi net gesondheetspolitesch relevant sinn. Fir d'Gewerkschaften ass net wierklech politesche Wëllen do, fir dat ze änneren.
Rout Linne fir den LCGB sinn déi, datt d'Assuréen net an d'Täsch gegraff kréien an datt et keng Verschlechterung bei de Prestatioune gëtt. Dernieft misste kloer Engagementer bei de Brëller an Zänn kommen, sou de Christophe Knebeler vum LCGB.
D'Patronat stäipt sech géint Kotisatiounserhéijungen. Den LCGB plädéiert op alle Fall fir en Déplafonnement vun deene Beiträg.
"Do ass et jo haut sou datt ee bis fënnef Mol de Mindestloun bezilt. A mir sinn der Meenung, dass do dee Plaffong misst opgehuewe ginn. Well domadder kéinte mir, dat ass eng Kéier berechent gi fir d'Joer 2024, kéinte mer 300 Millioune méi an d'Kees erakréien. An do géife mer jo dann déi sougenannt breet Schëllere belaaschten".
D'Regierung wéilt hei séier e Gesamtpak ficeléieren. De Christophe Knebeler ass awer net sou optimistesch, datt bei der nächster Quadripartite konkret Léisunge fonnt ginn.
"Mir sinn elo mol nach net do, dass mir soen, an där Quadripartite hu mer d'Léisung do leien. Mir wäerten nach eis Demarchë maachen, fir dann awer nach u sech Äntwerte kënnen ze kréien op dat, wat mir gefrot hunn, respektiv dann eeben och vläicht nach déi eng oder aner Mesuren dann en Zougeständnes vun der Regierung ze kréien, dass et an déi Richtung geet vun deem, wat mir gefrot hunn an och elo, éierlech gesot, diskutéiert hunn dat lescht Joer. Dat ass dat Gefill, wat mir elo éischter hunn, dass mir soen, mir kucken elo nach do an déi Richtung ze goen. A wann dat net geet, ma da wäerte mer eis och nach eng Kéier matenee constatéieren, wéi mer dann dorobber reagéieren. An da mengen ech éischter, dass et schwéier ass, fir en Accord ze fannen."
D‘Patronat schwätzt vun enger interessanter a konstruktiver Reunioun. De Sozialdialog hätt funktionéiert an et wiere verschidde Pisten diskutéiert ginn.
Fir d‘Depensen ze bremsen, haten d‘UEL an d‘Gewerkschafte schonn am Fréijoer dat erwäänte Pabeier geschriwwen, op dat och den Direkter vun der Unioun vun den Entreprisen Marc Wagener ageet.
"An dass mer do eigentlech och de Staat an enger Verflichtung gesinn, dass de Staat eis do och e stéckwäit entgéintkënnt a verschidden Depensen, déi eigentlech net gesondheetspolitesch sinn, dee Moment dann och aspréngt. Ech mengen, d'Regierung, déi zwee Ministeren hunn eng gewëssen Ouverture gewisen. Natierlech musse si genau wéi d'Gewerkschaften an och d'Patronat elo zréck an hir respektiv Gremien".
D‘UEL zitt awer och eng rout Linn an zwar beim Theema Cotisatiounserhéijungen. No de Pensioune wier et net gutt, wa lo och d‘Beiträg fir d‘Krankekeess erop géinge goen
" [... ] dass et e ganz negatiivt Signal wär, wann d'nächst Joer och géife Kotisatiounen eropgoen, fir d'Assurance maladie maternité, dass dat eigentlech souwuel fir d'Staatsfinanzen, awer och fir d'Kompetitivitéit, d'Attraktivitéit an och fir d'Aarbechtskraaft vun de Leit, déi och hirem Salaire u Kotisatioune bezuelen, wierklech e ganz negative Message wär, och compte tenu vun der schwiereger Situatioun an der Ekonomie an um Aarbechtsmaart."
De Rendez-vous fir d'Quadripartite ass den 13. Oktober