Zu Zolwer an zu Rodange
3 Blesséierter bei Accidenter, een Asaz vum Samu

© RTL
Am Laf vum Sonndegowend ass et op eise Stroossen zu zwee Accidenter komm.
Kuerz no 18 Auer ass zu Zolwer an der Rue Emile Mayrisch e Cyclist gefall. Op der Plaz waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng, grad ewéi den Noutdokter vum Escher Samu.
Um 22.10 Auer krute sech dann zu Rodange an der Lonkecher Strooss zwee Autoen ze paken. D'Ambulanciere vun Esch an d'Pompjeeë vu Péiteng hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Am meeschte gelies