Komplementarwalen an der Gemeng Hiefenech
Christophe Clasen a Jean Schwartz op d'Poste vum Conseiller gewielt

© RTL
Dräi Kandidate ware fir déi zwee fräi Posten am Gemengerot zu Hiefenech ugetrueden.
An der Gemeng Hiefenech waren e Sonndeg Komplementarwalen, dat nodeems zwee Conseillere fréizäiteg opgehalen haten. Dräi Kandidaten hate sech fir déi zwee fräi Posten am Gemengerot gemellt. Gewielt goufen de Christophe Clasen mat 513 Stëmmen an de fréiere Conseiller Jean Schwartz mat 315 Stëmmen. Den drëtte Kandidat Marco De Jesus Godinho gouf vun 258 Leit gewielt.
29 Persounen hunn e wäissen Ziedel ofginn. 17 Walziedele waren net gülteg.
Och an der Gemeng Préizerdaul waren e Sonndeg Komplementarwalen.
Am meeschte gelies