E Sonndeg ass am Préizerdaul gewielt ginn.

D'Esther Triniane ass mat 433 Stëmme bei de Komplementarwalen an de Gemengerot gewielt ginn. Ee Poste vum Conseiller war jo ze verginn, dat well e Gemengeconseiller aus der Gemeng fortgeplënnert ass.

Dräi Kandidaten hate sech de Walen e Sonndeg gestallt. Zweete gouf de Michel Loes mat 354 Stëmmen an de Jeffy Mathieu krut 53 Stëmmen, dat bei 840 valabele Stëmmziedelen.

Och an der Gemeng Hiefenech gouf e Sonndeg gewielt.