Fir ze weisen dat BIO funktionéiert, organiséiert d’ASBL Vereenegung fir Biolandwirtschaft hir drëtt Biowoch zesumme mam Landwirtschaftsministère.

Ze deier an ze komplizéiert, dat wieren dacks Prejugéen déi d’Leit iwwer Bioproduiten hunn, esou seet et d’Daniela Noesen, Direktesch vun der ASBL:

Bio-Woch 2025 / Reportage Noa Ganeto

Et ass e grousst Evenement fir d’Lëtzebuerger Biowirtschaft: d’Biowoch. Sie gëtt dëst Joer vum 19. bis den 28. September organiséiert, an eng 140 Bioproduzenten uechter Land maache mat. 2025 leeft d’Woch ënnert dem Motto ‘’Dem Bio-Bauer säi ganze Stolz’’. Et geet virun allem dorëmmer, d’Leit fir d’Biolandwirtschaft sensibiliséieren, erkläert d’Daniela Noesen um Bio-Haff Thill zu Dippech:

‘’Et ass eben immense wichteg dass mer d’Leit opklären dass Bio an der Noperschaft och vorhanden ass. Wat schonn eleng hei an dësem Betrib eng Panoplie u Bioproduiten hiergestallt gëtt, dat ass ville Leit guer net Bewosst dass Bio vun heiheem och do ass.’’

Sief et Fleesch, Eeër, Mëllech, Kéis awer och Geméis, Uebst oder Jus: d’Lëtzebuerger Landwirtschaft bitt e grousse Choix u Bio-Produiten. Verschidden Evenementer wou des Produite virgestallt ginn, awer och Porte Ouverten an Aktivitéite stinn dann um Programm vun der Biowoch.

D’Biowoch ass nëmmen een Deel vun de verschiddenen Aktiounen déi gemaach ginn, fir de Leit eng biologesch Ernierung no ze bréngen. Dozou gehéiert och a virun allem den Aktiounsplang PAN-Bio. D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen:

‘’Mir hu wärend dësem PAN-BIO 5100 ha biologesch Fäsch bäikritt, dat ass net näischt a mir wäerten um Enn vum Joer bei 10 Prozent sinn. Mir hunn 120 000 ha Landwirtschaftlech Fläsch hei am Land also hu mer dann Ënn dës Joers der ronn 12 000, dat ass definitiv mengen ech schonn e gudde Schratt an déi richteg Richtung.’’
 
Och wann dës Resultater net dat si wat déi lescht Regierung sech als Ziel gesat hat, ass d’Ministesch houfreg iwwert déi 10 Prozent. Enn des Joers gëtt dann en neie PAN-Bio presentéiert. Bis dohinner wier et wichteg fir de Bierger sech mam Thema Bio ausernaner ze setzen, fir d’Landwirtschaft awer och eng gesond Ernärung an eiser Gesellschaft z’ënnerstëtzen.