De Start an d'Schouljoer, Zougang zum "Eduroam" a Generatiounegerechtegkeet

De Bureau exécutif vun der CNEL. De Semir Honsic an de Luca Roettgers an der zweeter Rei (1. an 3. vu lénks). / © CNEL
Am Virfeld vun der Rentrée hu mir mat der CNEL doriwwer geschwat, wéi eng Themen d'Schüler aktuell besonnesch interesséieren.
D'Rentrée ass fir vill Schüler, e besonneschen Dag vum Joer. Engersäits gëtt et eng gewësse Melancholie, dass de Summer eriwwer ass, anerersäits, ass do d'Freed, dass een an der Schoul nees déi Kolleegen zeréck gesäit, mat deenen een iwwert de Summer manner ze dinn hat. Ma fir de Semir Honsic aus dem Atert Lycée vu Réiden an de Luca Roettgers aus dem Lycée Edward Steichen vu Clierf ass et eng ganz besonnesch Rentrée. Wann nämlech alles klappt ewéi geplangt, wäert et déi lescht sinn, déi de Vizepresident an de President vun der nationaler Schülerkonferenz, der CNEL als Schüler matmaachen.
De Semir Honsic freet sech jiddwerfalls, dass de Schoulbetrib elo nees lassgeet:
"Perséinlech muss ech soen, ech fannen dat super. Ech fannen et ganz angeneem, well ech scho bal Workaholic sinn. Ech hu wierklech léiwer, wa Saachen ustinn a wann ee Saache ka maachen, och mat Leit sech gesinn, sozialiséieren. Wat jo an der Vakanz heiansdo blockéiert gëtt, well vill Leit an der Vakanz sinn oder ee selwer einfach fort geet."
Och de Luca Roettgers ass frou, dass et elo nees lassgeet, och wann eng gewësse Melancholie matschwéngt:
"Et ass déi lescht Rentrée. Et ass och elo virun allem um Ufank vläicht eppes e bëssen emotionales, well ech perséinlech hunn déi lescht fënnef Joer oder déi lescht sechs Joer d'Septièmen, nee déi lescht fënnef Joer d'Septièmë bei eis am Gebai begréisst den éischten Dag. Dëst Joer op der S7 fänken ech mat de Septièmen un. Dat heescht, ech gi se begréissen an dann direkt an de Cours. Déi leschte Kéier warscheinlech."
Sou klappt et mam gudde Start an d'Schouljoer
Bei der Fro, wat een als Schüler ka maachen, fir dass de Start an dat neit Schouljoer méiglechst gutt geléngt, hunn déi zwee dann och eng Partie Rotschléi. Och wann d'Elteren ee vläicht heiansdo domat nerven, géif et scho vill hëllefen, wann ee sech am Viraus e bësse preparéiert:
"Do nervt et ëmmer e bëssen, wann d'Elteren dat soen, mee schonn e puer Deeg éier d'Schoul erëm ufänkt nach eng Kéier d'Saachen e bëssen nokucken, fir nach eng Kéier eranzekommen. Vläicht och scho kucken: wéi ass de Stonneplang, wéi kann ech mech opdeelen, fir dass ee méi séier a méi einfach an d'Léieren erakënnt."
De Semir Honsic huet dann nach en anere wichtegen Tipp. Et sollt een net fäerten, de Kontakt mat de Matschüler ze sichen:
"Ech fannen ëmmer, et ass wichteg, dass een net fäert, an dass ee sech awer Saachen traut, dass ee sech traut, grad wann een nei ass an der Schoul oder wann een, voilà, wann et engem seng éischt Rentrée ass, dass ee sech traut mat de Leit ze schwätzen, fir do Kontakter ze knäppen, fir dass een do sozial op feste Bee steet. Et gëtt näischt ze fäerten."
"Net fäerten" wier dem Luca Roettgers no dann och e gutt Stéchwuert. Et misst ee sech als Jugendleche kloer sinn, dass een eng Stëmm huet. An deem Sënn wier et och wichteg, sech ze engagéieren, fir sécherzestellen, dass dës Stëmm gehéiert gëtt.
Wichteg Themen: Digitalisatioun an de Schoulen a Suerg ëm d'Demokratie
Et ginn dann och eng ganz Partie Themen, déi déi Jonk interesséieren. A punkto Schoul selwer, suergt d'Reform vun den iPad-Klassen, den Ament fir Onsécherheet bei de Lycéesschüler. Verschiddener vun de betraffene Schüler wieren aktuell onsécher, ob si dann elo en iPad kréichen oder net.
Dobäi géif dann nach kommen, dass d'W-Lan-Netzwierk "Eduroam" zanter Enn vum leschte Schouljoer fir Schüler ënner 15 Joer gespaart ass. Dat géif eng ganze Partie weider Froen opwerfen. Ënner anerem géif sech do d'Fro stellen, ënner wéi enger Form Schüler vun enger iPad-Klass, déi manner ewéi 15 Joer hunn, mat hirem iPad vun der Schoul Internetzougang kréien, fir op bestëmmten Inhalter zouzegräifen,. Soll dat iwwert "d'One-to-One-Netzwierk" vun der eenzeler Schoul passéieren oder awer iwwert den "Eduroam"?
Ma och doriwwer eraus géif de Fait, dass Jonker ënner 15 Joer keen Zougang zum "Eduroam" hunn, riskéieren, fir Komplikatiounen ze suergen:
"En 'Eduroam' ass e globaalt Netzwierk, dat Schoulen an Unien notzen. Hei a Lëtzebuerg gëtt et et elo säit e puer Méint och op de Garen. Dat heescht, ee Jugendlechen, deen aus der Schoul kënnt, deen op d'Gare geet, soe mer den Zuch fält aus an e muss op 'mobilitéit.lu' oder op 'CFL' kucken: 'wou ass mäin nächsten Uschloss?' An dann huet en awer keen Internet, well e kee 4G huet. An de WLAN funktionéiert net, well en ass ënner 15. Vill Onkloerheete bei ville Punkten."
Ma déi Jonk géife sech och Gedanke maachen, déi iwwert dat onmëttelbaart Schoul-Liewen erausginn. Virun allem de Rietsruck an der Politik géif hinnen ze schafe maachen a vill géife sech froen, wat mat der Demokratie lass wier. Dacks géif do och d'Fro opkommen, ob si iwwerhaapt eppes un der Situatioun kéinten änneren. Do wier et wichteg, dass een deene Jonke weist, dass si eng Stëmm hunn, an eppes kënnen änneren.
iPad-Klassen, "Eduroam" an d'Gefore vum Snus-Konsum: Bei der CNEL huet ee genuch op der Agenda
D'Sujeten "iPad-Klassen" an "Eduroam" stinn dann och fir dëst Schouljoer op der Agenda vun der CNEL. Et hätt een eng Reunioun mam Ministère ugesat, fir iwwer dës Themen ze schwätzen.
En anert d'Thema, op dat ee mat Suerg géing kucken, wier de Konsum vum sougenannte Snus. Dëse géif sech och bei Schüler ënner 16 Joer séier ausbreeden, wéi de Semir Honsic erkläert. Dowéinst wier een amgaangen eng Campagne auszeschaffen, fir déi Jonk an deem Kontext ze sensibiliséieren. Et hätt een dann och schonn eng Ëmfro an de Lycéeë gemaach, bei där een iwwer dausend Äntwerte kritt hätt. Wann dës bis ausgewäert sinn, géif een och nach eng Kéier ëffentlech kommunizéieren.
Verbesserungspotential bei Klimaschutz an Nohaltegkeet
Zwee Sujeten, bei deenen een um Terrain nach ëmmer Verbesserungsméiglechkeete gesäit, wieren dann de Klimaschutz an d'Nohaltegkeet. Besonnesch d'Thema Nohaltegkeet misst an der Schoul behandelt ginn, sou de Semir Honsic:
"Ech mengen et ass ee vun deene wichtegste Punkten, d'Nohaltegkeet, dass déi an de Schoulen awer couvréiert gëtt. Ech mengen, wann d'Leit dat an der Schoul mathuelen, enger Plaz, wou se ëmmer léieren, dann denken ech, dass dat awer eppes, eng Gewunnecht ass, ee Behuelen, wat ee kann och herno mat heem huelen an dat ee sech fir d'Liewen ugewinnt."
Dem Luca Roettgers no wier et allerdéngs esou, dass d'Nohaltegkeet am Zesummenhang mat der Schoul an der Lescht ofgeholl huet. De Fait, dass een elo d'Schoulbicher gratis kritt, hätt hei eng wuel ongewollten negativ Konsequenz gehat:
"D'CNEL huet de Bichermaart, dee war fréier wierklech ugesot, well een do Secondhand-Bicher konnt kafen, fir e méi bëllege Präis, déi waren tipptopp an der Rei. Et gi Lycéeën, déi hunn Systemer, fir do Secondhand-Bicher gratis oder fir e vill méi bëllege Präis ze kréien. A säitdeem d'Bicher, d'Schoulbicher awer gratis sinn, op 'MyBooks', gesäit een ëmmer méi, wéi Famillen, déi zwee, dräi Kanner hunn, déi déi selwecht Bicher benotzen, dass déi déi Bicher dann e puermol doheem leien hunn oder dass een d'Bicher kafe geet, et brauch ee se net an dann huet ee se do leien an da schmäisst ee se erëm fort. Dat ass an eisen Aen net d' Definitioun vun Nohaltegkeet."
D'Alphabetiséierung op Franséisch an d'Schoulflicht bis 18
Rezent war et jo d'Annonce vum Educatiounsministère, dass d'Alphabetiséierung op Franséisch mat der Rentrée 2026 groussflächeg agefouert gëtt. Och d'Schoulflicht bis 18 Joer wäert da gëllen.
D'CNEL gesäit béid Saache positiv. Dem Semir Honsic no wier d'Schoulflicht bis 18 eng Méiglechkeet, fir dem Décrochage scolaire entgéintzewierken:
"Ech denken, dass dat, et ass wéineg, wat een do kann meckeren. Ech mengen, leider hu mer een Décrochage scolaire, deen net vernoléissegbar ass. An et ass vläicht eng Mesure, wéi mer kënnen d'Leit awer trotzdeem an der Schoul halen, fir se vläicht ze iwwerzeegen oder ze ëmorientéieren, dass se awer kucken, dass se se sech do iergendwéi erëmfannen."
Bei der Alphabetiséierung op Franséisch wier et dacks d'Kritik, dass dat zu enger getrennter Sozialiséierung vun de Kanner géif féieren. Dat géif awer kaum gräifen. D'Alphabetiséierung wier nëmmen en éischte Schratt an der schoulescher Lafbunn. Hei kéint eng Alphabetiséierung op Franséisch verschidde Kanner den Astig méi liicht maachen, éier d'Schüler duerno nees zesumme léieren. Eppes, wat de Luca Roettgers änlech gesäit:
"Ech denken, dass, wéi de Semir sot, 't ass vu Virdeel, wann zum Beispill frankophon Kanner op Franséisch alphabetiséiert ginn, well se et méi liicht hunn, duerno an de Fächer, an de Sprooche sinn d'Schüler erëm zesummen, de Rescht vum Wee kënne se zesummen, also gemeinsam goen. D'Sozialiséierung, denken ech, wäert awer dann duerno nach ëmmer erhal bleiwen."
Kritik um Resultat vun der leschter Sozialronn
Manner zefridden ass ee bei der nationaler Schülerkonferenz da mat deem, wat bei der drëtter Sozialronn erauskomm ass. Eng progressiv Erhéijung vun der Aarbechtszäit ëm aacht Méint iwwert déi nächst fënnef Joer gesäit ee kritesch:
"Mee ech denke Generatiounegerechtegkeet gesäit aneschters aus. Wa Gewerkschaftsvertrieder, Gewerkschaftspresidente vun engem Echec schwätzen a vun engem gescheiterte Sozialdialog, denken ech net, dass een eng gutt Léisung fonnt huet. Et ass nach net ze spéit. Et kann een nach handelen. Dat ass dat, wat ech ëmmer géif mat op de Wee ginn. Et ass net ze spéit. Nach kann een handelen."
Aktuell géife jiddwerfalls vill vun den Organisatiounen, déi am Jugendrot vertriede sinn, un Stellungnamen zum Resultat vun der Sozialronn schaffen. Bei der CNEL wäert dat dem Luca Roettgers no wuel net aneschters sinn.