E Sonndeg am Nomëtteg an an der Nuecht op e Méindeg gouf et op e puer Plazen am Land nees Abréch an Autoen.

Zu Esch koum et an der Rue de la Fontaine e Sonndeg am Nomëtteg zu engem Abroch an en Auto, bei deem en Täter ënner anerem en iPad geklaut huet.

An der Nuecht op e Méindeg gouf et dann nach en Abroch an en Auto an der Rue de la Chapelle zu Iechternach. Hei gouf eng Fënster vum Gefier futtigeschloen an den Auto duerchwullt. A béide Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

D'Police weist an dësem Zesummenhang nach emol op hir Tuyauen hin, mat deenen ee sech virun Abréch an Autoe schütze kann. Dës fannt Dir hei.