Insgesamt sechs Accidenter, Camion tëscht Bëschdref an Openthalt ëmgetippt

© Domingos Oliveira
Bannent véier Stonnen haten d'Rettungsekippe vum CGDIS allerhand ze dinn.
Um 6.49 Auer war et en Accident zu Clausen an der Allée Pierre de Mansfeld, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen. Blesséierter gouf et keng.
Anescht eng gutt Stonn méi spéit um CR178 tëschent Lampech an Zolwer, wou och zwee Autoen net laanschtenee koumen an zwou Persoune blesséiert goufen.
E weideren Accident mat zwee Gefierer, mee ouni Blesséierter, gouf et kuerz virun 9 Auer an der Zolwer Strooss zu Bieles an um 9.46 Auer an der Avenue de la Liberté zu Nidderkuer.
Um 9.34 Auer war um CR116 tëschent Bëschdref an dem Openthalt e Camion ëmgetippt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn.
Um 10.25 Auer gouf et dann eng weider Kollisioun vun zwee Gefierer mat engem Blesséierten, dat op der RN05 tëschent Helfent a Bartreng.