Aus der ULESS gëtt d'EIL
Exklusiv op Societéite mat gesellschaftlechem Impakt konzentréiert

D'Union Luxembourgeoise de l'Économie Sociale et Solidaire gëtt ersat duerch d'Associatioun "Entrepreneurs d’Impact Luxembourg”
Et soll sech exklusiv op déi Societéite mat gesellschaftlechem Impakt konzentréiert ginn. Et geet ëm Firmen, déi nohalteg Gewënn realiséieren an déi net vu staatleche Gelder ofhängeg sinn. D'Zuel vun de sougenannten Impakt-Entreprisen huet sech zënter 2022 all Joer verduebelt, heescht et an engem Schreiwes, wat eis virläit.
D'Zil ass et, de gesellschaftlechen Entreprenariat an d'Impakt-Economie ze fërderen. D'Presidentin vun der neier Plattform ass d'Virginie Ducommun. Um Freideg soll d'ASBL offiziell lancéiert ginn.
Am meeschte gelies