Zanter e puer Woche lafen d'Preparatioune fir déi nei Bréck, déi am September opgoe soll.

Schonn zanter Abrëll d'lescht Joer ass zu Dikrech d'Foussgängerbréck iwwert d'Sauer, déi den Dikrecher Park hannert der Gemeng mam Quartier Sauerwiss verbënnt an déi Fisselsbréck genannt gëtt, zou. Dat well d'Kabelen, déi d'Bauwierk stabiliséieren, an engem schlechten Zoustand sinn.

Ronn ee Mount nodeems d'Bréck gespaart gouf, gouf direkt niewendru vu Ponts et chaussées eng Pontonsbréck en place gesat. Déi Dikrecher Gemeng hat awer schonn deemools gefuerdert, datt séier ee méi zolitte Provisorium komme sollt. D'Pontonsbréck huet nämlech den Nodeel, datt se bei Héichwaasser zougemaach muss ginn. Méi wéi ee Joer méi spéit hëlt deen anere Provisorium dann elo Form un.

Op béide Säite vun der Sauer lafen aktuell nämlech d'Preparatiounsaarbechten. Dës wäerten duerch de Congé collectif awer nach eng Kéier ënnerbrach ginn, sou datt et bis Mëtt September daueren dierft, bis déi nei provisoresch Bréck opgemaach ka ginn. Dee Moment wäert d'Pontonsbréck rëm verschwannen.

Wéini d'Sanéierungsaarbechten un der Fisselsbréck ufänke wäerten, ass aktuell nach net gewosst. D'Bauwierk goung 1975 op, ass 70 Meter laang a besteet aus Stol a Béton armé.