De grénge Minister François Bausch war e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

"Sécherlech huet déi Gréng Partei sech verännert. Dat ass evident. Mir si vun enger renger Protest-Partei an den 80er- an 90er-Joren zu enger Gestaltungspartei ginn." Dat sot de Minister François Bausch e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background am Gespréich.

Gratis ëffentlechen Transport

Virun de Walen hat de Minister nach gesot, dass et kontraproduktiv wär, de gratis ëffentlechen Transport anzeféieren, elo kënnt en awer scho vum 1. Mäerz 2020 un. Als Koalitiounspartner misst een ebe Kompromësser maachen, betount de Mobilitéitsminister, an hien hätt domadder liewe kënnen, well och direkt grouss Verbesserungen an den Investissementer am Géigenzuch versprach goufen. Och wann déi Gréng eleng an der Regierung gewiescht wären, wär den ëffentlechen Transport gratis ginn, ebe just net esou séier, sou nach de François Bausch.

Explosioun vum Waldhaff

Iwwer d'Explosioun am Munitiounsdepot um Waldhaff konnt de Verdeedegungsminister keng weider Detailer ginn, well d'Enquête nach leeft. Ma d'Explosioun hätt méi Schued ugeriicht wéi ugangs geduecht an et wären och net 4 Leit am Hangar gewiescht, mä ugangs 5.

De 5. Ënneroffizéier wär glécklecherweis eraus eppes siche gaangen, wéi d'Granat explodéiert ass, erkläert de Minister. Sengem séieren Asaz wär et elo ze verdanken, dass de schwéier blesséierten Zaldot iwwerhaapt nach um Liewen ass.

De Service de Deminage hat d'lescht Joer am Ganzen 315 Interventiounen, dorënner 192 Granaten, déi fonnt goufen, an am Ganzen 617 Kilo Sprengstoff hunn nach op der Plaz vun den Demineure misse gesprengt ginn.

De Congé collectif flexibiliséieren

A punkto Flexibiliséierung vum Congé collectif ass de Minister Bausch, deen och fir d'Travaux publics zoustänneg ass, ganz iwwerrascht, wéi d'Diskussioun gelaf ass. Wann ee gären hätt, dass d'Chantiere weiderkommen, wann een d'Leit net péngege wëll mat Stau an Trafic, andeems ee wärend de Spëtzestonnen op sensibele Plaze schafft, misst een Exceptioune kréien, déi souwisou schonn am Gesetz virgesi sinn, betount de grénge Minister.

E Beispill wier de Chantier vu Luxtram, wou am Summer op der Kräizung vum Boulevard Royal mam Boulevard Roosevelt, just virum Pont Adolphe, soll geschafft ginn. Do wär et dach net vu Muttwëll, am August wëllen ze schaffen, dat misst een dach fäerdegbréngen, erkläert de François Bausch. Ma wann dat fir Opstand géing suergen, da misst ee sech net wonneren, dass et net viru geet mat de Chantieren an Infrastrukturen.

Gesetzprojet 7325

Déi Lénk haten de Verdeedegungsminister dës Woch kritiséiert, well mat der Reform vum Gesetzprojet 7325 d'Arméi ouni demokratesch Kontroll kéint a Krisegebidder geschéckt ginn. Dat wär awer net de Fall, wiert sech de François Bausch. Et wär am aktuelle Gesetz an an der Reform virgesinn, d'Parlament mat anzebezéien, just dass een keen double an souguer triple emploi méi soll hunn. Aktuell missten nämlech nieft den Deputéierte vun der aussepolitescher Kommissioun, och d'Conférence des présidents an de Staatsrot gefrot ginn. Zil misst awer sinn, e Gesetz ze hunn, wat der Realitéit haut entsprécht an dass et och méiglech ass, d'Arméi séier fir humanitär Missioune wéi zum Beispill een Äerdbiewe kënnen anzesetzen, sou de Verdeedegungsminister.

AUDIO: Background am Gespréich mam François Bausch

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

VIDEO: De François Bausch am Background: e Resumé
Et goung natierlech ëm den déidlechen Tëschefall um Waldhaff an d'Arméi, ma och ëm den ëffentlechen Transport an ëm de Congé collectif.