Zuel vun de Leit, déi eng Pensioun ausbezuelt kréien, klëmmt ëm iwwer 37 Prozent

© Image Shutterstock thodonal88
Méi wéi d’Hallschent vun de Pensiounen, déi hei am Land ausbezuelt ginn, fléissen iwwerdeems mëttlerweil an d’Ausland.
D'Zuel vun de Leit, déi eng Lëtzebuergesch Pensioun bezéien, ass bannent néng Joer ëm bal 63.000 Leit - ronn 37,4 Prozent - eropgaangen. Kruten am Dezember 2015 nach 167.367 Pensioune vum Régime général d’assurance pension vun der Pensiounskeess (CNAP) ausbezuelt, waren et der am Dezember zejoert 229.906 Pensiounen.
Méi wéi d’Hallschent vun de Pensiounen, déi hei am Land ausbezuelt ginn, fléisse mëttlerweil an d’Ausland. Dat confirméiert d’Ministesch fir d'Sécurité Sociale, Martine Deprez, an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP. Vun engem Total vun 229.906 Pensioune sinn der 118.650 un Net-Residente gaangen. Dat sinn 51,6 Prozent.
Virun 10 Joer louch deen Taux nach bei 46,2 Prozent.
Beim Bezuele vu Pensiounen an d’Ausland verschéckt d’Pensiounskeess all Joer e Certificat de vie, deen de Pensionär am Ausland op senger Gemeng validéiere léisst. Mam Renvoi vun deem Certificat confirméiert de Pensionär, datt hien nach lieft, an dëst op der Adress, déi der CNAP bekannt ass.
Mat den Nopeschlänner huet d'Pensiounskeess ausserdeem een Accord iwwert ee sougenannten "Sterbedaten-Austausch", an deem all Mount Informatiounen iwwer d'Pensionär tëscht de Länner ausgetosch ginn.