An der Nuecht op e Freideg waren d'Rettungsdéngschter vum CGDIS méi dacks am Asaz.

Am fréien Owend gouf et op der A13 eng Kollisioun tëscht zwee Camionen an engem Auto. Dräi Persoune goufe verwonnt.

Um Belair sinn zwee Autoen net laanschtenee komm an eng Persoun gouf blesséiert.Tëscht Chrëschtnech an der Fiels ass an Auto am Gruef gelant. Ee Blesséierte gouf et och zu Bettel.

An tëscht dem Bridel an dem Rollengergronn gouf et kuerz  virun eng Auer en Accident tëscht zwee Gefierer. Eng Persoun gouf verwonnt