Lëtzebuerger a belsch Police
Gemeinsam Kontroll vun den Zich tëscht Lëtzebuerg an Namur

© Police Luxembourg
D'Lëtzebuerger Police huet mat hire belsche Kolleegen e Méindeg d'Zich op der Streck tëscht Lëtzebuerg an Namur, net wäit vu Bréissel, kontrolléiert.
De Fokus vun der Kontroll, déi am Kader vun engem Benelux-Ofkommes organiséiert gi war, louch op illegale Substanzen an Immigratioun. Wéi d'Lëtzebuerger Police e Freideg matdeelt, goufen a véier Zich insgesamt eelef Persoune kontrolléiert.
Eng Persoun hat deemno Drogen derbäi, déi saiséiert goufen. An deem Kader gouf dann och ee Protokoll wéinst dem Verstouss géint d'Drogegesetzer geschriwwen.
©
Police Luxembourg
©
Police Luxembourg
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies