Och wann a 50 Joer villes a puncto Fraerechter erreecht gouf, wëll ee sech beim CNFL net dorobber ausrouen.

"Mir ginn eis net, bis datt all d’Geschlechter gläichgestallt sinn" sot d’Presidentin vum Nationale Fraerot Nathalie Morgenthaler an hirer Ried am Kader vum 50. Anniversaire am Cercle an der Stad. Fir de ronne Gebuertsdag gouf houfreg op d’Acquisen a punkto Fraerechter an Egalitéit zeréckgekuckt. Dorop ausroue wëlle sech d’Membere vum Conseil National des Femmes du Luxembourg awer net.
 
Fir de 50. Anniversaire vum Nationale Fraerot hate vill Leit, an der Haaptsaach Fraen, de Wee en Donneschdeg den Owend bis an de Cercle fonnt. An hire Rieden hunn d'Grand-Duchesse Maria Teresa, d'Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuricko Backes an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer nach emol un de laangen an deels stengege Wee erënnert vun de Fraen am Kampf fir Gläichstellung a méi Selbstbestëmmung. Zu enger Zäit, wou d'Fraen nach ënnert der Tutelle vun hire Männer stoungen. Den CNFL hätt ganz vill zu deem Kampf fir d'Fraerechter bäigedroen, esou d'Yuricko Backes.

"Ëmmer och op déi Saachen opmierksam gemaach a kritiséiert, déi net weiderginn, déi net richteg sinn, déi net gerecht sinn, wat d'Fraerechter eeben an eiser Gesellschaft ugeet. Dat heescht, do ass iwwer all déi Jore wierklech ganz, ganz vill geleescht ginn."

Haut géingen déi Rechter an Acquisen awer weider a Fro gestallt ginn, bedauert d'DP-Ministesch, déi ee "Backlash", also eng Géigereaktioun zum Feminismus, virun allem och op de soziale Reseauen, observéiert. Do misst ee geziilt dogéint steieren.

"Ech mengen, dat mussen wierklech all d'Forcen, déi hei d'selwecht denken, do zesummeschaffen, well am Fall, mäin Engagement och als MEGA-Ministesch ass total, ob dat Fraerechter ugeet, ob dat "LGBTIQ+"-Rechter ugeet. Ech mengen d'Diversitéit an eiser Gesellschaft ass eppes Wichteges. An zum Schluss komme mer jo zréck. Et ass alles eng Saach vun Respekt."

D'Presidentin vum Nationale Fraerot, Nathalie Morgenthaler, seet sech kämpferesch fir d'Zukunft. Idealerweis bräicht een den CNFL iergendwann net méi.

"Mir hunn alles, wat d'Gesetzer ugeet, schonn natierlech ganz vill erreecht. Et muss een natierlech am Alldag ëmmer nach drop oppassen, dass een net erëm e Schratt zréck geet. An ech sinn natierlech zouversiichtlech, soss géif ech dat heiten net matmaachen, dass mer iergendeng Kéier deen Dag wäerten erreechen, wou mer eis selwer wäerte kënnen hoffentlech dann ofschafen."

Bis dohinner ass et awer nach ee wäite Wee. Dem Nationale Fraerot a sengen 12 Memberassociatioune geet d'Aarbecht an den nächste Méint a Jore mat Sécherheet net aus.