Et ass een net fir en Aschreiwe vun der Ofdreiwung an d'Verfassung

© Envato
D’kathoulesch Kierch hei am Land stellt sech weider géint en Aschreiwe vum Recht oder der Fräiheet op eng Ofdreiwung an d’Verfassung.
Och engem Fötus géif als ongebuerent Liewen d’Recht zoukommen, dass seng Dignitéit gewierdegt gëtt, sou wéi et am Artikel 12 vun der Constitutioun steet. Esou steet et an enger Positioun vun der Kierch, déi e Freideg de Moie publizéiert gouf. Dëst Schreiwes ënnermauert d’Argumentatioun vum Kardinol Hollerich virun zwou Wochen op RTL.
Et géif zu engem rechtleche wéi eethesche Paradigmewiessel kommen, wann dat sollt geschéien.
De Mënsch wier net just e Subjekt, dat iwwert sech selwer bestëmmt, mä och e Wiesen vu Bezéiung a Gemeinschaft, dat Responsabilitéit fir déi Schwaach hätt, ass dodran ze liesen.
Et géif den Ament keng Partei zu Lëtzebuerg ginn, déi dat aktuellt Recht op en Avortement a Fro stellt, an eng Verfassungsännerung géif an deem Sënn och net am Koalitiounsprogramm vun CSV an DP stoen.
Dofir kéint een als kathoulesch Kierch weiderhin net mat engem Aschreiwen an d’Verfassung averstane sinn.