Maximal ee Chantier pro Kanton a Pai bis 4.000 Euro steierfräi

12 nei Petitioune kann ee vum Freideg un um um Internetsite vun der Chamber ënnerschreiwen.
De Cotisatiounstaux fir d'Sozialversécherung däerf net an d'Luucht gesat ginn, gëtt ënnert anerem gefuerdert an en anere Petitionär ass der Meenung, datt d'Pai bis 4.000 Euro soll steierfräi sinn
E Streckeradar gëtt da präzis tëscht Feelen an der Fuussekaul gefuerdert an eng weider Fuerderung ass, datt keng Stroossen am Land fir Courssen oder soss ëffentlech Evenementer dierfe gespaart ginn, ausser eben an der Vakanz, um Weekend oder op Feierdeeg.
Op der Musel soll kee Jet-Ski-Fuere méi dierfen erlaabt sinn a méi Chantieren op der Strooss oder op Schinn zur selwechter Zäit solle verbuede sinn, mä just nach ee pro Kanton soll erlaabt sinn.
Wann eng bannent 42 Deeg op d’mannst 5.500 Ënnerschrëfte kritt, gëtt d’Uleies ëffentlech an der Chamber debattéiert.
Den Iwwerbléck vun de Petitiounen
3800: Défense d'entraver les routes pour des courses ou événements publics en dehors des vacances scolaires, weekends ou jours fériés
3799: NON à l'augmentation des taux des cotisations
3797: Petitioun fir d'Installatioun vun engem Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul
3795: Instaurer un permis de détention pour certaines races/catégories de chiens à hauts besoins afin de prévenir les abandons et les risques
3794: Steierbefreiung bis zu 4.000 EUR Brutto pro Mount fir all Salariéierten
3793: Pour l'interdiction de la clause de voie parée sur les résidences principales et la protection des familles contre les ventes forcées automatiques
3792: Pour une réforme des cessions de salaire : protéger les enfants, garantir le droit au logement et préserver la dignité des familles
3791: Jetski op der Musel verbueden
3790: Interdiction d'effectuer plusieurs travaux sur infrastructures de mobilité en même temps
3784: Géint déi inakzeptabel Liewensbedéngungen vun den Déieren an den Bauerenhäff
3780: DROIT DE TRAVAILLER PENDANT TOUT LE LONG DE LA GROSSESSE - SI REFUS D'INDEMNISATION DU CONGE MATERNITE PAR LA CNS
3779: Garantir des offres d'emploi réelles et un suivi efficace des assignations ADEM