Et vergeet quasi keen Dag, op deem een am Police-Bulletin net ze liese kritt, dass nees eng Partie Autoen opgebrach goufen.

Do mécht och dëse Méindeg de Moie keng Ausnam. Verwise gëtt op zwee Tëschefäll vum Sonndeg.

Hei gouf moies zu Réimech an der Rue des Bâteliers an en Auto agebrach. Éischten Informatiounen no gouf Boergeld geklaut.

Nomëttes da waren Onéierlecher an der Stad an der Rue Christophe Plantin ënnerwee. Hei huet eng Fënster vum Auto mussen dru gleewen, fir dass d'Brigangen Zougang zum Auto kruten. Ob eppes geklaut gouf, geet net aus den Informatioune vun der Police ervir.

A béide Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Wéi ee sech am beschte virun de Brigange schützt, fënnt een um Site vun der Police.