D'Paie vum Spidolspersonal hänken um Gehälteraccord beim Staat a ginn dofir an der Moyenne ëm 2,5 Prozent an d'Luucht.

D’Doktesch an Zänndokteschassociatioun AMMD wëll mat hire Memberen diskutéieren, ob een d’Konventioun mat der Gesondheetskeess opléist. Dat nodeems eng Mediatioun iwwert d’Augmentatioun vun den Tariffer gescheitert ass. D’AMMD ass der Meenung, datt d’Dokteren méi schlecht ewech kommen, wéi d’Spidolspersonal. An et geet hinnen net séier genuch virun mat de Reformen en Vue vun méi Liberaliséierung. Ma d’Gesondheetsministerin Martine Deprez an de CNS-President Christian Oberlé wieren sech géint déi Duerstellung.

AMMD an CNS - Reportage Michèle Sinner

Dat well d’Dokteren och mat der Propositioun vun der CNS am Eenzelen méi bäi kritt hätten, wéi d’Spidolspersonal, deem seng Remuneratioun um Gehälteraccord beim Staat hänkt. Der CNS hir Offer wier op eng Augmentatioun vun 4000 Euro op de Kapp eraus gelaf, esou de Christian Oberlé: "Si froen dat duebelt, ongeféier 8000 Euro op de Kapp. Wann ee kuckt, elo am Spidolssecteur, do schwätzen mer vun 2,5 Prozent vun de Salairen a wann een da weess, datt de Salaire moyen annuel am Spidol ongeféier 100 000 Euro ass, mécht dat 2500 Euro op de Kapp aus. Do schwätzen mer wierklech vun ganz anere Beträg."

D’Gesondheetsministerin Martine Deprez analyséiert: "Si sinn elo ee Partner, dee net zefridden ass, mat deem, wat an der Mediatioun erauskomm ass. An si iwwerhuelen elo hir Verantwortung vis-à-vis vun hire Memberen fir do driwwer ze diskutéieren."

Falls d’Dokteren d’Konventioun opléisen ännert direkt näischt fir d’Patienten, well dann ee Joer Zäit ass, fir eng nei ze verhandelen. Mee d’AMMD ass och onzefridden, well et hirer Meenung no mat aneren Reformen en Vue vun méi Behandlungsméiglechkeeten ausserhalb vun de Spideeler net séier genuch viru geet. Mee de Christian Oberlé seet: "Wann elo déi Konventioun gekënnegt gëtt, aus deem Grond, wou si soen, datt si wëllen domat systemesch Ännerungen provozéieren, datt ass guer net méiglech, well déi systemesch Ännerungen, déi mussen iwwert de legale Kader kommen."

Hien hätt léiwer, datt all Bedeelegt hir Energie op dës Diskussiounen géing konzentréieren amplaz op eng nei Konventioun, déi just d’praktesch Ausféierung vun deem Kader reegelt.  Dobäi geet et ënnert anerem drëms, datt méi Behandlungen ausserhalb vun de Spideeler kënnen gemaach ginn. Op der Clôche d’Or, seet d’Martine Deprez geet dëser Deeg eng Antenn vun den HRS op: "E ganze Plateau radiologique, mat Scanner, IRM a Mammographie. An an Zukunft och nach aner Aktivitéiten, kléng Agrëff un der Haut an Aen-Operatiounen."

Eng weider Antenn vum CHL ass schonn autoriséiert: "Ënnen a Gréiwermaacher. Do kënnt Onkologie, Poliklinik an och Mammographie hin." D’Gesondheetsministerin seet, no méi ewéi 20 Reuniounen mat der AMMD wier hiert Gewëssen roueg, datt se hir Aarbecht gemaach hätt. Och wann d’AMMD net zefridden ass, datt de Projet de Loi vun der viregter Regierung, fir Dokteschgesellschaften zou ze loossen, zeréck gezunn gouf. D’Martine Deprez seet awer: "De neie (Projet) steet. D’Rum steet, den Exposé des motifs steet, den Commentaire des articles, Mir sinn an Zesummenaarbecht mat der Justic, fir lescht Detailer ze klären a mussen natierlech och nach eng Ronn mam Collège médical dréinen. D’AMMD hu mer virun enger Woch gesinn, fir driwwer ze schwätzen. An och do sinn ech zouversiichtlech, datt déi nächst Wochen do e grousse Schrëtt no vir wäert geschéien."

D’lescht Joer hat d’CNS en Defizit vun bal 26 Milliounen Euro. Dëst Joer soll en op iwwer 130 Milliounen Euro klammen. Ob de Staat seng Contributioun sech verännert, dat wäert sech am Budget fir d’nächst Joer weisen, deen d’nächst Woch virgestallt gëtt. 
OFSO: Den 13. Oktober diskutéiert d’Quadripartite aner Pisten, fir dat Lach zou ze maachen.