Den Avortement an d'Verfassung aschreiwen, dat huet scho seng Berechtegung, seet de Verfassungsrechtler Luc Heuschling am RTL-Interview.

D’Gesetz hätt an der Vergaangenheet déi Reform ugestouss an elo wéilt een net, datt dat an Zukunft zréckgeschrauft gëtt. Dee Wäert an d’Recht vun de Fraen, dat ze froen, géif mam Aschreiwen an d'Constitutioun esou an der Verfassung verankert ginn.

Driwwer nodenken, fir en Delai an den Text ze schreiwen

De Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg gëtt awer och ze bedenken, ob een net sollt am Text en Delai dra schreiwen. Den Ament ass zu Lëtzebuerg e Schwangerschaftsofbroch bis d’Enn vun der 12. Schwangerschaftswoch no der Befruchtung méiglech, respektiv d’Enn vun der 14. Woch zanter dem 1. Dag vun der leschter Reegel. Wa keen Delai an der Verfassung géif dra stoen, kéint d’Gesetz awer ganz streng Konditioune setzen an d’Frist op eng ganz kuerz Zäit zum Beispill 4 Wochen zréckschrauwen. Fir et besser ze "betonéieren", misst ee sou vill wéi méiglech an der Verfassung verankeren.

Extrait Luc Heuschling iwwer e méiglechen Delai am Verfassungstext

"Liberté" assuréiert d'Gewëssensfräiheet vun den Dokteren

Mam Begrëff “liberté” gesäit de Verfassungsrechtler d’Gewëssensfräiheet vun den Doktere besser ofgeséchert. D’Fra hätt d’Fräiheet ze froen, mä en Dokter kéint decidéieren, et ze maachen oder net. D’Fräiheet op Ofdreiwung wär en Deel vun eisem haitege Wäertesystem, sou de Luc Heuschling, ob een et elo gutt fënnt oder net. An deem Sënn wär et och schued, datt d’Euthanasie net och an der Verfassung steet. Déi nei Verfassung ass eréischt vun 2023, an elo 2025 soll se scho geännert ginn, bemierkt de Luc Heuschling. An der Chamber ass fir eng Verfassungsännerung eng Zweedrëttelmajoritéit néideg.

Extrait Luc Heuschling iwwer eise Wäertesystem