E Méindeg am Nomëtteg krut d'Police gemellt, dass en Auto an der Areler Strooss zu Stroossen opgebrach gouf.

De Brigang gouf vun Aenzeie gestéiert, wéi en amgaange war den Auto ze duerchsichen. Eng Policepatrull konnt de presuméierten Täter kuerz drop untreffen an huet e mat op de Policebüro geholl. Do gouf bei him nieft engem Apparat fir d'Frequenze vum elektresch gesteierte Schlass vum Auto ze stéieren och nach Boergeld fonnt.