D'FEDAS positionéiert sech zur Logementsproblematik

© RTL Archiv
Fir d'Logementsproblematik an de Grëff ze kréien, missten e puer Ministèren involvéiert sinn an och d'Gemenge misste sech bedeelegen.
Virun enger Woch huet d’FEDAS sech an hirem Plaidoyer social un déi politesch Responsabel, awer och un d'Biergerinnen a Bierger vum Grand-Duché adresséiert, mam dréngenden Appell, deene Leit. déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn, Wunnengen zur Verfügung ze stellen. Dat nodeems eng 150 Eriträer mat Flüchtlingsstatut Ugangs September virun der Press Alarm geschloen haten, well si net méi kënnen an de Flüchtlingsstrukture bleiwen, awer och keng eege Wunneng um Marché fannen. D'Federatioun vun den Acteuren am Sozialsecteur rifft d’Regierung an d'Gemengen dozou op, direkt weider Noutstrukturen zur Verfügung ze stellen. Dat eleng geet awer net duer.
Dofir hu sech d’Plattforme "Logement" a "Cohésion sociale" vun der FEDAS parallel och an engem gemeinsame Bréif direkt u véier Ministèren adresséiert - Logement, Famill, Finanzen an Interieur. Dat mat konkrete Proposen, wéi d'Manou Flammang vun der Plattform Logement erkläert:
"Mir als FEDAS, mir schaffe scho ganz vill mat eise Plattformen, mat de Ministèren zesummen. Mir verdeedegen do d'Interesse vun eise Memberen an dat funktionéiert och oft ganz gutt mat engem Ministère, mee mir sinn hei bei der Logementsproblematik an engem Beräich, dee wäit iwwert d'Zoustännegkeete vun engem Ministère erausgeet."
Am Plaidoyer social gëtt sech iwwerdeems u jidder eenzelen adresséiert, deen eng Wunneng kéint zur Verfügung stellen. Och d’Gemenge misste méi responsabiliséiert ginn, fuerdert de Marc Faramelli, dee sech ëm de Plaidoyer social bei der FEDAS këmmert:
"Also, et sinn nëmme 34 vun 100 Gemengen, déi an de Flüchtlingsstrukture schaffen an do wär et wierklech un deene 66 aneren, fir och eppes ze maachen. An och kleng Strukture wäre wëllkomm."
D'Refugiéeë géingen och keng eege Wunneng fannen, dat well et net genuch abordabel Wunnenge géing ginn:
"Ech mengen, do missen all d'Ministèren zesummeschaffen a vläicht den Här Frieden dat e bëssen als eng Aart Chefsaach, hate se dat 2002 gesot, säi Virgänger, de Jean-Claude Juncker. Et muss vläicht erëm Chefsaach ginn, dass och wierklech e bëssen eppes fonctionéiert."
Den Daachverband vun den Acteuren aus dem Sozialsecteur huet säi Plaidoyer social virun engem knappe Joer lancéiert. Dat wéi duerch de Finanzbedruch bei der Caritas, där hire Plaidoyer politique ewechgebrach ass. Op d'Fro, op domat dat Lach vun der sozialpolitescher Stëmm an der Gesellschaft nees gefëllt ass, äntwert de Marc Faramelli:
"Villäicht brauch et e puer Plaidoyeren niewent der Caritas, fir déi ze ersetzen. Mir hu vläicht elo net d'Ambitioun, dat och esou ze maachen. Mir wëllen och net onbedéngt verglach ginn, dass da gesot gëtt: 'Oh, d'Caritas hätt dat awer elo vill besser gemaach.' Mee, jo, also, mee mir probéieren eis bescht fir do, dass nach eppes kënnt a geschitt."
Nieft der Logementsproblematik, abordéiert d'FEDAS an hirem Plaidoyer social, och den Decrochage scolaire am Grand-Duché. Un Theeme géing et leider net feelen, esou de Co-Chargé vum soziale Plaidoyer.
De leschten Donneschden ass de Bréif vun der FEDAS un déi véier zoustänneg Ministèrë gaangen. Eng Äntwert krut d’Federatioun bis elo nach net.