Ze wéineg Leit loosse sech am Grand-Duché géint d'Gripp impfen

© AFP
Aktuell wier den héichdoséierte Vaccin, dee bei vulnerabele Persounen agesat soll ginn, nach net disponibel. Dat soll sech awer änneren.
Virun enger gudder Woch huet de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI) de Professionellen am Gesondheetssecteur an enger Circulaire recommandéiert, Persounen iwwer 65 Joer respektiv vulnerabel Persoune mat engem héich doséierte Vaccin géint d’Gripp ze impfen, amplaz mam Standard-Vaccin.
Et gëtt awer ee Problem: Deen héichdoséierten Impfstoff ass aktuell net an den Apdikten am Grand-Duché ze kréien. Dorop hat de Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikten an engem Schreiwes opmierksam gemaach a sech enttäuscht gewisen, datt een net am Virfeld an déi Decisioun mat agebonne gi wier. Den Direkter vun der Santé Dr Jean-Claude Schmit huet op Nofro verséchert, datt deen neien héichdoséierte Vaccin an den nächsten Deeg soll geliwwert ginn. Allgemeng fënnt hien, datt sech nach ëmmer ze wéineg Leit am Grand-Duché géint d’Gripp impfe loossen.
"Besonnesch bei deene méi eelere Leit iwwer 65 Joer, do wësse mer, dass den Taux de vaccination bei 42 Prozent läit, scho säit Joren. E gëtt net besser. An do wësse mer awer och, dass an aner Länner den Taux méi héich läit."
Op d'Kritik vun den Apdikter d'lescht Woch wollt den Direkter vun der Santé net agoen. Hien huet op eng parlamentaresch Fro vun der CSV zu deem Sujet verwisen, déi d’Gesondheetsministesch géing beäntwerten.