D'Stad Diddeleng huet 325.000 Euro ausginn
























































































































































































































































































































































































































Am Kader vum Trounwiessel de 4. Oktober 2025 huet Diddeleng 325.000 Euro ausginn, dat huet de Buergermeeschter e Freideg am Gemengerot matgedeelt.
De 4. Oktober wier en historeschen Dag gewiescht. D'Gemeng hat de ganzen Dag e grousst Volleksfest organiséiert. Eng vun den Haaptattraktioune war d'Danzperformance "Dudelange, une ville en mouvement", inszenéiert vum Sylvia Camarda an David Galassi. Den Danz- a Musekspektakel huet d'Verännerunge vun der Gesellschaft am Süde vum Land thematiséiert.
Am Gemengerot vum 29. September 2025 gouf en Extra-Kredit vu 500.000 Euro gestëmmt. Schlussendlech huet d'Stad awer nëmme 65 Prozent dovun, also 325.000 Euro, ausginn. Dës Käschte ginn am Budget 2025 verbucht, dee mat engem Iwwerschoss vu 7,5 Milliounen Euro ofgeschloss gouf.
"Mir wollte vun Ufank un transparent sinn, wat d'Käschte vun der Stad ugeet", esou sot et de Buergermeeschter e Freideg de Moien am Gemengerot.
De Buergermeeschter Dan Biancalana huet betount, datt kee weideren Emprunt néideg war, well d'Ausgabe vum Iwwerschoss gedeckt goufen.