Gesetzesprojet iwwer Police-Videoiwwerwaachung an der Chamber gestëmmt
© pixabay
Méi séier Accorden an domadder eng besser Policeaarbecht. Dat wëll e Gesetzesprojet, deen en Dënschdeg an der Chamber diskutéiert gouf.
Den Asaz vu Videoiwwerwaachung soll domat reforméiert ginn. Betraff ass natierlech nëmmen d’Videoiwwerwaachung, déi am Kader vun der Policeaarbecht genotzt gëtt, wéi d'Rapportrice Stéphanie Weydert erkläert huet.
Déi fundamental Rechter a Fräiheete vun de Leit sollen natierlech respektéiert ginn, huet si weider betount.
Dat gesäit de gréngen Deputéierte Meris Sehovic awer anescht. “Mir ënnerstëtzen och eng administrativ Vereinfachung”, esou de Meris Sehovic. Mee eng Vereinfachung dierft net heeschen, dass d’Grondrechter an d’Schutzmechanismen ofgebaut ginn. Et wier en delikate Balanceakt, deen een awer an enger Demokratie misst hikréien. Den zoustännege Minister Léon Gloden hätt sech net genuch Méi gemaach, fir dës Balance hinzekréien, bedauert de Meris Sehovic.
D’ADR par conter begréisst de Gesetzesprojet. Et sollt ee méi streng géint d’Kriminalitéit virgoen. Den Tom Weidig gëtt awer ze bedenken, dass d’Kameraiwwerwaachung net einfach esou dierft ausgebaut ginn, mee nëmmen do, wou se Sënn mécht. Et dierft och net sinn, dass sech d’Kriminalitéit verlagert, well op enger Plaz op ee Mol eng Videoiwwerwaachung ass. Dowéinst soll der ADR no och méi no den Ursaache vun der Kriminalitéit gekuckt ginn.
De Projet gouf mat 53 Jo- a 5 Nee-Stëmmen ugeholl. Zwee Deputéiert hu sech beim Vott enthalen.