D'lescht Joer hu 34 Persounen op Euthanasie an "assistance au suicide" zréckgegraff. 2023 waren et 22 Persounen, d'Joer virdru 34 an 2021 24 Persounen.

E Mëttwoch huet déi national Kommissioun fir d’Kontroll an d’Evaluatioun vun der Euthanasie hire Rapport un de Chamberpresident an de President vun der Gesondheetskommissioun iwwerreecht. All zwee Joer kënnt dee Rapport eraus.
 
Do gouf och bemierkt, datt um Terrain an am Ëmfeld vun engem Patient nach méi muss informéiert ginn, datt villäicht de Patient Bestëmmunge fir säi Liewensenn festgehalen huet an datt déi musse consultéiert ginn.