De Statec huet e Mëttwoch seng Strategie bis 2027 presentéiert.

Technologesch Fortschrëtter an déi méi grouss Disponibilitéit vun administrativen Date géif méi Perspektive bidden, sot den Direkter Tom Haas am Kader vum Dag vun der Statistik. Fir déi Mass vun Informatiounen a strategeschen Informatiounen ëmzewandelen, gouf en Datelabo gegrënnt.

"Dësen Datelabo setzt déi strategesch Visioun vum Statec an d'Praxis ëm. En innovéiert am Beaarbechte vun den Donnéeën. E standardiséiert an automatiséiert d'Prozesser an ënnerstëtzt esouwuel d'Produzente vun Donnéeën wéi awer och d'Benotzer vu Statistiken". All Projet vum Statec a vum Datelabo hätt een Zil: "D'Donnéeën ideal notzen, eis Produktiounsketten ze moderniséieren an Informatiounen ze produzéieren, déi fir d'ëffentlech Debatten wichteg sinn", präziséiert den Direkter vum Statec a senger Ried.