Déi Jonk interesséiere sech fir Politik, mee den Zougank ass net evident
 
                    © Marc Hoscheid
An zwou Table ronden am Escher Meedercherslycée gouf mat deene Jonken e Mëttwoch iwwer Politik geschwat an debattéiert.
Op Initiativ vum Educatiounsministère an an Zesummenaarbecht mat weidere Partner gëtt dëst Joer vum 27. bis den 31. Oktober déi véiert Editioun vun der Semaine de la démocratie organiséiert. Virun deem Hannergrond huet de Schülercomité vum Escher Lycée Hubert Clement en Donneschdeg zwou Table-ronden organiséiert, déi sech ronderëm d'Thema Demokratie gedréint hunn. Dobäi huet sech gewisen, datt déi Jonk sech zwar am Fong fir politesch Themen interesséieren, awer eng gewëssen Distanz zum konkrete politesche System besteet.
De Festsall vum Lycée Hubert Clement war um Mëttwochmoien zimmlech gutt gefëllt, wat wuel och dorunner louch, datt eng Partie vun de Schüler dohinner hu musse goen. Dat heescht awer net, datt et un Interessi gefeelt huet. Déi éischt Table ronde stoung ënnert dem Motto "Demokratie - e Grondrecht oder e Privileeg?", déi zweet hat den Titel "Demokratie a Jugend - eng feelend Integratioun oder e Mangel un Interessi?" A béide Fäll goufen déi Jonk am Ufank a Gruppen opgedeelt an hunn an engem Workshop Äntwerten op konkret Froe mussen ausschaffen. Eng Fro war déi, wéi ee Jonker dozou brénge kéint, sech méi fir d'Politik ze interesséieren a méi méi Vertrauen an d'Politik ze hunn. Do waren et ënnert anerem dës Pisten:
"Datt mer vläicht och méi an der Schoul iwwert Politik informéiert ginn an dat Thema méi traitéieren. Well zum Beispill a Fächer wéi VIESO oder sou gëtt dat Thema guer net ugesprach."
"Datt d'Proffen d'Schüler am Fong méi an de Cours missten integréieren oder Ausflich organiséieren, wou mer zum Beispill an d'Chamber oder sou kucke ginn. Oder vläicht och Politiker invitéieren an ee Speed Dating mat Politiker maachen. Dat heescht, d'Schoul erkläert eis, wat Demokratie ass, mee se erwächt net sou wierklech eisen Interessi."
Eng Iddi, déi wärend enger vun den Table-ronden ugeschwat gouf, war déi, datt am Geschichtscours schonn éischter iwwert déi méi rezent Vergaangenheet geschwat sollt ginn. Där Meenung ass och de President vum Schülercomité vum LHCE Emrah Agović. 
 
"Wann een de Schüler an de Leit am Cours kloer mécht, datt zum Beispill de Rietsruck am Moment mega an d'Luucht geet oder zum Beispill den Israel-Palästina-Krich, wou lo grad amgaange war, datt een esou eppes uschwätzt, dat ass vill méi wichteg, wéi eppes, dat virun 100 Joer geschitt ass."
An engem anere Workshop goung et dorëm, wéi sozial Medien deene Jonken hir Perceptioun vun Demokratie a Politik beaflossen.
 
"Ob mir op Social media vill ugewise kréien, wat mat Politik ze doen huet, vill Videoen iwwert de Krich a Gaza a sou. An dann hu mer och e bëssi iwwert Algorithme geschwat, wat dat ass a sou. Dat heescht, wa mer oft Videoe mat Krich gesinn, datt den Algorithmus weess, mir hunn all déi politesch Saache gären an da kréie mer dat ugewisen."
 
Alles an allem ass de Fazit bei deene Jonken, mat deene mir geschwat hunn, zimmlech positiv ausgefall. 
 
"Dat war wéi gesot ganz interessant an aner Meenungen ze lauschteren, ass ëmmer ganz interessant."
"Et war cool, et war interessant, bëssi méi iwwert déi Themen ze wëssen. An et ass och schéin an interessant, Deputéiert hei ze gesinn. Demokratie ass jo wichteg, et war mega interessant an eng mega flott Iddi vum Schülercomité."
 
Dono gefrot, ob d'Table-ronden dozou bäigedroen hunn, datt si sech an Zukunft selwer politesch engagéiere wäerten, do waren déi Jonk éischter zeréckhalend. Si géinge sech zwar interesséieren, mee zum Beispill enger Partei bäitrieden, dat wëlle se dann awer net.
 
Un deenen zwou Table-ronden hu Politiker vun CSV, DP, LSAP an deene Gréngen deelgeholl. Invitatioune waren zudeem un déi Lénk, d'Piraten a Fokus erausgaangen. D'ADR gouf par Konter net invitéiert, de President vum Schülercomité huet dat domadder begrënnt, datt een der Partei keng Plattform hätt wëlle ginn, well hir Rhetorik deels an Haass iwwergoe géing.
 
                     
                     
                     
                    