"De Pedro war en Toppmann"
© RTL Archivbild
Am Prozess wéinst engem Mord a Portugal 2021 huet e Mëttwoch de Bouf vun der Haaptugekloten ausgesot.
Hien huet virun allem seng Mamm belaascht, ma iwwer seng Groussmamm hat hien och net vill Guddes ze soen.
All d’Nimm an dësem Artikel si geännert.
Den Owend vum Mord wieren op der Terrass Glieser ausgedeelt ginn, ma de Paulo wier fréi mat senger klenger Schwëster Christina an d’Bett gaangen. Hatt huet nach eng Mickey Mouse gekuckt, hien Netflix. Du si si ageschlof. Waakreg gouf de Paulo, well de Pedro an der Nuecht um Wee fir op d’Toilette getierkelt an an d’Matrass gerannt wier, op där de Paulo louch.
Hien huet héieren, wéi de Mann sech iwwerginn huet a sech geduecht, "den Alkohol". Eng Stonn méi spéit wier de Pedro nees laanscht gaangen, dës Kéier wier d’Ana dobäi gewiescht, fir hien ze stäipen. Dunn hätt en dem Ana säin Auto héiere fortfueren a sech geduecht, si géifen an d’Spidol fueren.
"Am Spidol", wier och dem Ana seng éischt Äntwert gewiescht, wéi hie seng Mamm den anere Moien nom Pedro gefrot hätt. Ma si wier keng gutt Ligenesch. Si hätt him du gebeicht, si hätt hien ëmbruecht, mat Schlofmëttel, Gëft an Alkohol. De Paulo hätt net gewosst, wat maachen an hätt sech a seng Kummer verzunn. Do koum hie just nach fir z’iessen eraus, huet Netflix gekuckt, mat senger Frëndin telefonéiert a mat senger Schwëster gespillt. Déi aner hätten, wéi soss och all Joer, vun hirer Vakanz profitéiert.
De Paulo, dee bei senger Groussmamm opgewuess ass, wier och zu Lëtzebuerg net bei d’Police gaangen, fir z’evitéieren, datt d'Christina béid Eltere géing verléieren.
Senger Mamm hir Menacen am Virfeld vun der Vakanz, de Pedro géing net méi rëmkommen, hätt hien net eescht geholl. "Well meng Mamm schwätzt permanent iergendee Blödsinn." Dozou gesot hätt hien och näischt, well soss seng Bom him gesot hätt, e soll de Bak halen oder him eng geklaakt hätt.
De Pedro wier en "Toppmann" gewiescht, esou de Paulo. Hien hat seng Mamm ganz ageriicht. Déi hätt ëmmer versicht – ouni Succès -, hien ze provozéieren, fir datt e se géing schloen. Datt de Pedro, wéi d’Ana gezielt huet, si emol mam Hals geholl hätt, wier awer "puere Bullshit".
E puer Méint no der Vakanz hat hien doheem zu Esch d’Ambulanz misse ruffen, well senger Bom Mariana hire Partner Antonio sech stänneg iwwerginn a geschweesst huet. Den Ambulancier hätt gesot, et wier eng Iwwerdosis vum Medikament géint Probleemer mam Mo. De Paulo hat d’Mariana virdru gesinn, dem Antonio seng Drëpse preparéieren.
D’Mariana selwer hat nach virun dësen Aussoe e Mëttwoch um Geriicht ugefaangen, ze houschten, wéi wa se keng Loft méi géif kréien. D’Iwwersetzerin huet hir op de Réck geklappt. D’Poliziste sinn dohi gelaf an hu si op de Buedem geluecht, een ass eropgeklommen, fir d’Fënster opzemaachen, en Affekot huet geruff, et miss een hir Been héich leeën, d’Vertriederin vum Parquet huet d’Ambulanz geruff. De Paulo huet sech net impressionéiere gelooss: dat wier net fir d’éischt. Eng Minutt drop souz d’Mariana erëm do, wéi wann näischt gewiescht wär. D'Ambulanz gouf ofbestallt an d’Audience ass virugaangen.