Preventiounsdag fir Hiereschlag
Et ass déi zweetheefegst Doudesursaach, an och den zweetheefegste Grond fir Beanträchtegungen: Den Hiereschlag.
Den 29. Oktober ass Weltdag fir d’Preventioun vum Hiereschlag, och AVC (Accident Vasculaire Cérébral) genannt. Et ass déi zweetheefegst Doudesursaach op der Welt, no der koronaler Häerzkrankheet.
Et ginn zwou Zorte vun AVC: de méi heefegen ischämesche Schlag (Duerchbluddungsstéierung am Gehier), an den hämorrhagesche Schlag (Gehierbluddung), deen dacks duerch Accidenter verursaacht gëtt.
Am Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) zu Esch huet d’Blëtz A.S.B.L. fir de Weltdag e Stand opgeriicht, mat deem si sensibiliséieren an informéieren. D’Chantal Keller, d’Präsidentin vun der A.S.B.L., hat selwer 2007 en AVC als Folleg vun engem Häerzinfarkt. De Schlag selwer huet sech mat engem AIT ugedeit: "Dat ass eng kuerz Zäit, dass déi Symptomer kommen. Dat heescht, bei mir ass an enger Honnertstel Sekonn e Glas op de Buedem gefall. Anstatt, dass ech an d’Spidol gaange sinn, hunn ech gewaart. Dat war owes um 22 Auer. Moies um 9 Auer hunn ech dann de ganze Schlag gemaach." D’Chantal war 5 Stonnen ze spéit an d’Spidol gaangen.








En AIT ass eng Duerchbluddungsstéierung vum Gehier, déi en typesche Virleefer vum Schlag ass, erkläert d’Chantal Keller, an et wier wichteg, direkt an d’Spidol ze goen: "Wann ee wärend engem kuerze Moment net ka schwätzen, ass et wichteg an d’Spidol ze goen. Well all d’Neurologe wëssen direkt Bescheed, an d’Leit sinn da 24 Stonnen do, an do gëtt gesicht, wat ass d'Ursaach vun engem AIT, an da gëtt ee behandelt." Mat dëser Behandlung geet och de Risiko, an Zukunft e Schlag ze maachen, erof.
Zu Lëtzebuerg hunn an der Moyenne 4 Leit pro Dag e Schlag. 60 Prozent vun de Betraffene hu laang Zäit negativ Suitten. An dëst ass net op eng eenzeg Altersgrupp begrenzt: pro Joer sinn et 6 bis10 Kanner, déi en AVC hunn.
Nieft der Sensibiliséierung an Informatioun begleet d'Blëtz A.S.B.L. déi Betraffen an hir Familljen.
AVC erkennen
Mam F.A.S.T.-System sollen d’Leit en Hiereschlag méiglechst fréi erkennen. Ma fir wat steet F.A.S.T. eigentlech?
- F – Face: Kann d’Persoun laachen? Ass d’Laache symmetresch?
- A – Arms: Kann d’Persoun béid Äerm hiewen?
- S – Speech: Kann d’Persoun kloer an däitlech schwätzen an artikuléieren?
- T – Time: Wann eng vun dëse Froe mat "Nee" beäntwert gëtt, soll schnellstméiglech eng Ambulanz geruff ginn.
AVC Risikogruppen
Verschidde Leit lafen éischter Risiko, e Schlag ze maachen. Dorënner sinn déi mat héijem Bluttdrock der héijem Cholesterol, Diabetiker, Leit déi fëmmen an Alkohol drénken, an déi, déi wéineg Beweegung hunn.