Laang Prisongsstrofen en vue fir dräi vun de véier Ugekloten am Prozess wéinst engem Mord a Portugal am Joer 2021.

D’Vertriederin vum Parquet huet erkläert, wat fir si de warscheinlechsten Deroulement vun de Faiten ass. De Mord wier mat aussergewéinlecher Kalbliddegkeet an Däiwlerei ausgefouert ginn, vum direkten Ëmfeld vum Affer, vun deene Leit, mat deenen hie säin Doheem a seng Moolzechte gedeelt huet. All d’Nimm an dësem Reportage vum Michèle Sinner goufe geännert.

“Keng Versioun vun de Beschëllegten hei entsprécht der Wouerecht”, esou d’Vertriederin vum Parquet. Dee warscheinlechste Zenario ass hirer Usicht no, datt de Pedro, nodeems en d’Gëft krut, net méi capabel war, selwer ze goen. Dofir hätten d’Haaptugekloten Ana, hier Mamm Mariana an där hire Partner Antonio der Ana hire Bouf Paulo iwwerzeegt, ze hëllefen, de Pedro aus dem Haus bis bei den Auto ze droen oder ze zéien. An dunn um Bord vum Mier vum Auto bis an d’Waasser ze droen oder ze schleefen – de Pedro wier wuel vun der Flut an de Floss gezunn ginn, amplaz wéi geplangt an den Atlantik. Eleng hätt d’Ana de Pedro net gepackt. D’Mariana wier beim deemools sechs Joer ale Christina am Haus bliwwen, wärend déi aner dräi de Pedro fort bruecht hunn.

D’Ana, d’Mariana an den Antonio hätten de Mord scho Wochen, wann net Méint am Viraus geplangt. D’Ana hat scho vu Lëtzebuerg aus d’Cousine am Portugal gefrot, de Pestizid kafen ze goen. Den Antonio hat beim Iessen zu Esch gegoogelt, wéi ee Gëft keng Tracë géif hannerloossen. D’Mariana hat d’Gëft géint de Kartoffelkäfer proposéiert, well sech een Noper domat suicidéiert hat. Och am Virfeld, esou d’Vertriederin vum Parquet, hätten d’Ana an d’Mariana scho geplangt, wéi se d’Sue vum Pedro senger Liewensversécherung géifen opdeelen. D’Motiv wier “absolut Geldgier” gewiescht. D’Ana hat sech tëscht 400.000 a 500.000 Euro erwaart. Nom Mord huet d’Ana mam Pedro senge Kaarte bezuelt, bis näischt méi um Kont war. “Et dréint sech bei deene Leit ëmmer nëmmen ëm Suen”, sot d’Substitutin. De Sujet wier omnipresent gewiescht. Méi wichteg wéi der Ana hir Kanner. Well duerch de Mord um Pedro hätt dat klengt Christina, déi aner Victime vun dësem Crime, seng ganz Famill verluer. Den Antonio hätt sengersäits en obsessionellen Attachement un seng Amante Ana gehat, Dausenden Appellen a Messagë hu si ausgetosch. De Pedro stoung där Relatioun am Wee.

Dofir freet de Parquet liewenslänglech fir d’Ana, wéinst meurtre pour faciliter le vol, association de malfaiteurs, assassinat, also premeditéierte Mord a Vergëftung. Och fir Mariana an den Antonio freet de Parquet liewenslänglech, wéinst Asscociation de malfaiteurs, Assassinat a Vergëftung.

Datt sech d’Ugeklote schonn hei zu Lëtzebuerg zesumme gedoen an de Mord geplangt hätten, hir Associatioun also hei forméiert hunn, ass wichteg fir d’Kompetenz vum Geriicht. Et geet hei ëm de Mord vun engem portugiseschen Staatsbierger duerch aner portugisesch Staatsbierger a Portugal. Ma an der Enquête géifen et awer keng Elementer, datt der Ana hire Bouf Paulo och matgeplangt hätt. Hien hätt zwar matkritt, wat déi aner dräi geschwat hätten, wéi se zu Esch ronderëm den Iessdësch souzen. “Hien huet net ëmmer just Netflix gekuckt”, esou d’Substitutin, mee hie wier op deem Punkt z’acquittéieren. Dee Moment wier d’Lëtzebuerger Geriicht awer och net kompetent, fir driwwer ze jugéieren, wat hien a Portugal gemaach huet oder net. Do ass allerdéngs nach en Dossier op, hie kéint, wann et esou geet, wéi de Parquet freet, méiglecherweis also nach a Portugal viru Geriicht kommen.