E Chauffer, deen ouni Permis nees alkoholiséiert Auto gefuer ass an en Abriecher, deen an engem Haus um Lampertsbierg erwëscht gouf, goufe béid festgeholl.

Am spéiden Nomëtteg en Donneschdeg gouf der Police gemellt, datt en Automobilist am Garer Quartier an der Stad en anere Won beschiedegt huet an dono weidergefuer ass, ouni sech ëm de Schued ze këmmen. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt de Fuerer ermëttelt ginn. Well d'Beamten den Androck haten, datt hien ënner Alkoholafloss gefuer ass, wollte si en Test duerchféieren. Dat wollt de Mann awer net. Bei der Iwwerpréiwung vun den Donnéeën koum eraus, datt e Fuerverbuet géint de Mann géif virleien. De Parquet gouf doriwwer informéiert an huet ordonéiert, de Mann festzehuelen. E Freideg de Moien hat hie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Ob hien do deem presuméierten Abriecher begéint ass, deen um Lampertsbierg verhaft gouf, ass net gewosst. Dëse Mann koum virun den Untersuchungsriichter, well hien an en Eefamilljenhaus an der Avenue de la Faiencerie an der Stad agebrach war. D'Beamten, déi geruff goufen, konnten de Mann nach am Haus stellen.

Da mellt d'Police nach zwou Persounen, déi de Permis wéinst Alkohol um Steier ofgeholl kruten. Dat eng Kéier am Iergäertchen, wou eng Automobilistin alkoholiséiert mam Auto ënnerwee war. An op der A13 bei Fréiseng, wou e Mann gestoppt gouf, deen am Zickzack gefuer ass.