Haapttäter gëtt u Lëtzebuerg ausgeliwwert, Autoen a Frankräich séchergestallt
© RTL Archiv
E Méindeg waren an enger Garage am Osten vum Land zwee Porsche geklaut ginn. D'Autoe goufen elo a Frankräich erëmfonnt, den Haapttäter gouf festgeholl.
De 27. Oktober 2025 koum et an enger Garage am Osten vum Land zu engem gewalttätegen Déifstall. Hei goufen zwee héichwäerteg Gefierer vun der Marque Porsche geklaut.
Den aktuellen Ermëttlungen no sinn e puer Männer an d'Garage am Oste vum Land komm an hunn d’Mataarbechter verbal a physesch ageschüchtert. Ee vun den Täter konnt engem Mataarbechter d'Schlëssele vun engem Client ofhuelen, en aneren Täter ass doropshin mat dësem Gefier geflücht. En zweete Mataarbechter gouf och menacéiert. Och him goufen d'Schlësselen vun engem Gefier ofgeholl. D’Täter hu sech duerno mat de geklaute Gefierer an mat den eegenen Autoen aus dem Stëbs gemaach.
De Ressort "Répression du Grand Banditisme" vun der Police judiciaire huet direkt mat den Ermëttlungen ugefaangen. Duerch séier Mesure konnt ee vun de geklaute Gefierer zesumme mat der Police a Frankräich no enger kuerzer Poursuite vun der franséischer "Brigade Anti-Criminalité BAC" gestoppt ginn.
Duerch weider Ermëttlungen säitens der lëtzebuergescher Police judiciaire, an enker Kooperatioun mat den zoustännege franséische Policeautoritéiten, souwéi engem direkten Austausch an Zesummenaarbecht tëscht der lëtzebuergescher an der franséischer Justiz, konnt den zweete geklauten Auto e puer Stonnen drop an engem sougenannten Trailer-Parc a Frankräich séchergestallt ginn.
Entspriechend Ermëttlunge goufen ageleet an den Haapttäter soll geschwënn, op Basis vun engem europäeschen Haftbefeel, u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.