Géint 3 Auer e Samschdeg de Moien gouf der Police en Auto gemellt, deen op der A7 a Schlaangelinne gefuer ass.

Am Tunnel Gousselerbierg  gouf d'Gefier vun der Police ugehalen a kontrolléiert. De Chauffeur hat net nëmmen ze vill gedronk, ma hat och souwisou e Fuerverbuet. De Mann gouf protokolléiert.

Géint Mëtternuecht an der Nuecht op e Samschdeg gouf dann um Briddel e Chauffeur gestoppt, deen zevill gedronk hat. Hie war de Permis lass.

Kuerz drop, um 1 Auer gouf d'Police am Kader vun engem Accident um CR162 an d'Géigend vu Weiler-la-Tour geruff. Hei war en Auto frontal an e Bam gerannt. D'Persounen déi do waren, hunn allerdéngs direkt gesot, dass si net mam Auto gefuer wieren, sou dass direkt nom Chauffeur gesicht gouf. Dëse gouf och fonnt, hie louch an engem Rempli op der Säit vun der Strooss. Hien huet bei de Beamten dunn och zouginn, dass hien de Chauffeur vum accidentéieren Auto wier. Den Alkoholtest war och hei positiv.

Weider goung et dann um 2 Auer, dat op der A7, wou e Gefier nees Schlaangelinne gefuer ass. De Chauffeur
gouf gestoppt, gouf kontrolléiert an den Test war och hei positiv. De Fürerschäin huet hie missen ofginn.

Änlech war e Fall um 3:20 Auer op der A13, och hei ass de Chauffeur verdächteg am Zickzack gefuer. Zu Lénger ass den Auto du gestoppt ginn vun der Police. Den Test ass positiv ausgefall, dobäi koum, dass de Won och nach net verséchert war. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto séchergestallt a géint d'Persoun eng Plainte geschriwwen.

Zwar net mam Auto ënnerwee, awer trotzdeem negativ opgefall war e Mann an der Rue d'Audun zu Esch. Hei gouf a sech eng Kläpperei gemellt, dat war och de Grond, wisou d'Police dohinner gefuer ass. Eng Kläpperei gouf net entdeckt, dofir awer eng Persoun, déi Sträit mat engem Sécherheetsbeamten hat. D'Persoun war alkoholiséiert, net kooperativ an huet refuséiert d'Plaz ze verloossen, wisou se och fir hir an anere Leit hir Sécherheet an Arrest komm ass. Iert dëst geschitt ass, goufen d'Beamten awer nach vun der Persoun menacéiert a beleidegt.