En neie private Cabinet soll am Mäerz d'nächst Joer opgoen
© AFP
Et gëtt schonn en Internetsite vu "FindelClinic" an do geet Rieds vun enger multidisziplinärer Klinik.
D'Lëtzebuerger Land schreift um Freideg, datt hannert dem Projet ënner anerem den Dr Philippe Wilmes an den Dr Alain Schmit stiechen, déi fréier Spëtzt vun der Dokteschassociatioun AMMD also.
Finanziell bedeelegt sinn awer och bekannt Acteuren aus der Wirtschaft, wéi den Entrepreneur Marc Girorgetti oder den Alain Kinsch, fréiere Managing Partner vun der Audit- a Consultungfirma EY.
Déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard huet um Freideg via parlamentaresch Fro Detailer beim Gesondheestministère gefrot a wëll ënner anerem wëssen, ob eventuell kommerziell Logike konform zu der Legislatioun an zum Code de Deontologie vun den Doktere sinn.